Virum Diamond-League-Meeting zu OsloKann d'Patrizia Van der Weken nees ganz vir matlafen?

Sam Rickal
Bern Thill
D'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer ass e Mëttwoch ëm 21:12 Auer op den 100 Meter an der Diamond League an Norwegen am Asaz.
Patrizia Van der Weken am RTL-Interview virum Diamond-League-Meeting zu Oslo
Kann d'Sportlerin vum Joer e Mëttwoch an Norwegen nees ganz vir matlafen?

Réischt de Weekend huet d'Patrizia Van der Weken zu Stockholm hir gutt Form ënnerstrach. Déi 26 Joer jonk Lëtzebuergerin koum mat engem Chrono vun 11,05 Sekonnen op déi 3. Plaz vum Diamond-League-Meeting a Schweden. Mat Oslo steet elo e weideren Optrëtt op den 100 Meter an der Diamond League um Programm.

D'Starterfeld gesäit der COSL-Elite-Sportlerin no e bësse manner staark aus, wéi geduecht. Eng Partie Athletinne sinn ofgesprong, eventuell well mat 15 Grad a Reeschaueren net optimal Wieder fir Sprinter ass. D'Patrizia Van der Weken wëll hir Performance vun e Sonndeg confirméieren a beschtméiglech verbesseren. Och wa si weess, datt mat der Olympia-Gewënnerin Julien Alfred aus Santa Lucia an dem Amy Hunt aus Groussbritannien, déi zu Stockholm de Weekend virum Patrizia Van der Weken op déi zweete Plaz koum, weiderhi staark Konkurrenz zu Oslo vertrueden ass.

"Muer geet et drëms, fir sech gutt ze placéieren, mech gutt ze schloe géint déi aner Meedercher an dann déi verschidden Deeler, déi zu Stockholm e bësse manner gutt waren, e bësse besser ëmzesetzen an da gesi mer, wou ech do erauskommen. Ech mengen, et wäert e bëssen eng kal Affär ginn, mee et ass okay. Ech mengen, fir jiddereen ass dat d'nämmlecht."

An hirer zweeter Saison an der Diamond League kënnt et aktuell Schlag op Schlag. Nëmmen 3 Deeg no Stockholm steet e Mëttwoch eng weider Competitioun an der héchster Serie an der Liichtathleetik virun der Dier. Do entsteet schonn e gewësse Rees-Stress.

"Eng Diamond League ass ëmmer e bësse Stress, et ass en extreem renomméiert Feld, vill Aen, déi op ee kucken. Mee ech mengen, dat muss een dann a Kaf huelen. Ech hunn jo de Choix gemaach, fir heihin ze kommen. Ech freeë mech, et ass ëmmer erëm flott. Ech hoffen, dass ech mech vu Course zu Course steigere kann."

Duerch hir staark Performancen an de leschte Joren huet sech d'Patrizia Van der Weken d'Participatioun an der Diamond League erschafft. Aktuell läit si am World-Ranking op der 14. Plaz. Hirer Managerin Lina Simons no, déi d'Lëtzebuergerin zanter 2024 vertrëtt, spillen donieft och hir gutt Indoor-Prestatiounen eng Roll.

"Hir international Medailen am Indoor spillen och ëmmer eng grouss Roll. Mat hirer gudder Zäit vun 7,01 Sekonnen huet si do de Meeting-Organisateure gewisen, datt si och längerfristeg dobaussen nach méi séier lafe kann, wéi hir aktuell Beschtzäit vun 11,00 Sekonnen. D'Patrizia huet ëmmer op Diamond Leagues bewisen, datt si ëmmer super do leeft, Top-5-Placéierung oder besser. Dat ass nach een extra Argument, fir si unzehuelen."

Lina Simons am RTL-Interview virum Diamond-League-Meeting zu Oslo
D'Lina Simons ass dem Patrizia Van der Weken hir Managerin.

Back to Top
CIM LOGO