
D'Billie Jean King war 1981, no 12 Eenzel-Victoirë bei Grand-Slam-Tournoien, schonn am Hierscht vun hirer illusterer Karriär. 1971 war si déi éischt Fra gewiescht, déi an engem Joer méi wéi 100.000 Dollar verdéngt hat. 1972 hat d'King als Gewënnerin vun den US Open 15.000 Dollar manner kritt wéi de Gewënner bei den Hären. Nodeems si du gedreet hat, d'Joer drop net méi wëllen unzetrieden, sollt déi Ongerechtegkeet weider bestoe bleiwen, goufen d'US Open den éischte Major-Turnéier, bei deem d'Präisgeld fir Fraen a Männer d'selwecht héich war. Och 1973 war si zur éischter Presidentin gi vun der Women's Tennis Association - déi bis haut bestoend WTA. D'Joer drop huet si d'Women's Sports Foundatioun gegrënnt.
Zanter 1965 war d'US-Amerikanerin mam Affekot Larry King bestuet, dee si ëmmer an hirer Karriär ënnerstëtzt huet, grad esou wéi op hirem Wee an de Feminismus. Professionell Sportlerinnen, déi "net feminin" ausgesinn hunn oder lesbesch waren, waren net gären an der Ëffentlechkeet gesinn. Och net vun der Fraebeweegung. D'Bille Jean King wosst hei, Brécken ze bauen. Si war houfreg op hire Look a konnt Fraesport a Fraebeweegung beieneen un een Dësch bréngen.
Enn de 1960er war der Bille Jean King bewosst ginn, dass si sech zu Fraen higezu fillt. 1971 sollt si eng Affär ufänke mat hirer deemoleger Sekretärin an Assistentin Marilyn Barnett, déi gratis an der King hirem Haus zu Malibu huet dierfe wunnen. Wéi d'Tennisspillerin an hire Mann Enn de 70er d'Barnett gefrot haten, fir aus hirem Haus auszezéien, huet dës sech awer geweigert a gedreet, intim Detailer iwwert hir lesbesch Relatioun ze verëffentlechen. An engem Suizidversuch war d'Sekretärin kuerz spéider vum Balcon vum Haus gesprongen an duerno querschnëttsgeläämt.
1981 koum et zu engem Geriichtsprozess, an deem d'Marilyn Barnett als Ënnerhalt d'Hallschent vun de Kings hirem Akommen an d'Malibu-Haus fir sech gefuerdert hat. Doropshin hat d'Tennisspillerin, haut viru 45 Joer, op enger Pressekonferenz zouginn, datt si eng geheim Relatioun mat hirer Assistentin hat. Dës hätt si awer vun engem gewëssen Zäitpunkt un net méi wëlle weiderféieren an et wier e Feeler gewiescht. Duerch de Prozess hat d'Tennisspillerin bannent net mol zwee Deeg Sponsorverträg iwwer ronn 2 Milliounen Dollar verluer an hat hir Karriär musse weiderféieren, fir d'Affekote kënnen ze bezuelen.
Enn 1981 hat dunn e Geriicht entscheet, datt d'Barnett d'Haus verloosse misst an datt hir Dreeungen, privat Korrespondenz ze publizéieren, enger Erpressung gläichkéimen. Wéineg méi spéit gouf de Fall agestallt. Am Fréijoer 1983 sollt dat contestéiert Haus eng Rei vu Stierm, déi deemools iwwer Südkalifornien ewech gezu sinn, zum Affer falen. Do war d'Billie Jean King 40 Joer al. Réischt 11 Joer méi spéit, an no vill Therapie, war si amstand, sech als homosexuell Persoun wuel ze fillen a mat hiren Elteren doriwwer ze schwätzen.
D'Billie Jean King hat sech ni getraut, iwwer hir Homosexualitéit ze schwätzen. Si wousst, datt hir Elteren dogéint wieren an aus der Tenniswelt hat si de Retour kritt, dass en Outing fir en Enn vun der Dammen-Tour kéint suergen. D'Athletin an hire Mann Larry King waren zesummen duerch déi schwiereg Geriichtsaffär gaangen. 1987 sollt et dunn awer zur Trennung kommen, wéi d'King sech an hir deemoleg Dubbelpartnerin Ilana Kloss verléift hat. Trotzdeem blouwe si an de Larry gutt an enk mateneen, d'King ass d'Giedel vu sengem Bouf aus sengem zweete Mariage. D'King an d'Kloss si bis haut zesummen.

Déi fréier Tennis-Nummer-1 hofft, dass Homosexueller haut net dat selwecht wéi si mussen duerchmaachen. Et soll kee geout ginn, deen net wëll, ausser en ass prett dofir. Dat Wichtegst wier, sech sécher ze fillen an Alliéierter ëm sech ze hunn, deenen déi sexuell Orientatioun egal ass, sou d'Billie Jean King an engem Interview. Entretemps huet d'Virreiderin och eng "Leadership Initiative" gegrënnt fir méi inklusiv Aarbechtsplazen, gläichberechtegt Bezuelung a Courage, sech selwer auszedrécken.
Trotz dem Courage vun der Tennisspillerin sollt et an de Joerzéngten duerno just zu wéinegen Outinge kommen. Homosexualitéit ass a bleift e schwieregt Thema am Profisport. Dacks steet de Männersport méi am Fokus vun de Fans an de Medien, esou datt Fraen oder queer Mënschen manner oder nëmme kaum Opmierksamkeet fir hir sportlech Exploite kréien.
Entretemps hëlleft et awer allgemeng der Saach, wann iwwer d'Homosexualitéit vu Veräinsresponsabeler, Arbitteren oder Managere geschwat gëtt, an der Hoffnung, datt och Athletinnen an Athleten, déi ëffentlech méi present sinn, sech un en Outing eruntraue wäerten. A sollte se sech och net trauen, wat hiert gutt Recht ass, wier et homosexuelle Sportlerinnen a Sportler op d'mannst awer vergonnt, dass allgemeng respektvoll mat deem Thema ëmgaange gëtt.