Mat dobäi sinn och eng Rei Lëtzebuerger. Dorënner de Sam Wetzel, deen net nëmmen e Lëtzebuerger Billardspiller ass, mee dee Beschten aus dem Land. Keen huet an deene leschte Jore méi Championstitelen ofgeraumt. D'Virfreed ass grouss, elo bei der Eurotour am eegene Land dëse Sport dem Lëtzebuerger Public presentéieren ze dierfen.
"Jo, also et freet ee sech natierlech immens, fir dann och hei zu Lëtzebuerg eng Kéier kënnen op esou enger Tribün ze spillen. Ech mengen ech hat dat bis elo zweemol 2012 bei menger leschter Jugend-EM an direkt duerno bei menger éischter Hären-EM, wou ech fir d'éischt hei am Land gespillt hunn a schnuppere konnt wéi et ass, dass Billard op deem Niveau hei ass.”
Duerch seng Erfarungen, déi hien an der lescht op der Eurotour gesammelt huet, wou hie schonn dräi Mol op eng 17. Plaz vun 230 Konkurrente komm ass an duerch seng 9. Plaz bei der EM a Slowenien ass d'Confiance do, fir änlech Resultater am Mee ze erreechen.
"Mir kënnen och iergendwou e bëssen uewe mathalen. Datt mer wannen? Warscheinlech net, well du stees awer a Kompetitioun mat Profien. Ech gi véierzeg Stonnen d'Woch schaffen. Ech mengen do ass et ëmmer schwéier matzehalen. Mee iwwert d' Zäit huet een awer den Niveau, fir emol ee kënnen ze schloen, oder och zwee.”
E Billardspiller dierf natierlech net vill Bulle verschéissen. Et kënnt op Technik a Prezisioun un, awer och eng mental Stäerkt ass gefuerdert, fir géint déi ganz gutt ze bestoen. Déi Komponente si virun allem géint professionell Spiller gefuerdert an déi si beim Sam Wetzel present.
"Gewonne selwer hunn ech awer och scho géint Weltmeeschter, Europameeschter, also dat krut ech alles schonn hin. Natierlech ass dat am Ufank immens besonnesch an ech probéieren déi Leit ëmmer als normal Billardspiller ze gesinn, well ech fannen, wann ee se op e Podest hieft, wat si sech och verdéngt hunn, mee wann ee géint se spillt an ee se op e Podest hieft, da mécht ee sech automatesch méi schlecht wéi si. Et wëll ee jo awer mat hinne mathalen a géint se wannen, dat heescht, et muss een denken, dass si net anescht si wéi ee selwer.”
En Tournoi am eegene Land bréngt ëmmer e gewëssenen Drock mat sech. De Sam Wetzel spiert deen och, stéiere mécht deen awer net.
"En Deel Drock hunn ech gär, well et mengem Spill och hëlleft. Wann ech ouni Drock spillen, kréien ech ni meng absolutt Leeschtung ofgeliwwert. Mee dat do ass jo natierlech eng nei Zort vun Drock, well een awer doheem ass. D'Leit kucken, ob een, well een awer de stäerkste Lëtzebuerger Spiller ass. Dat heescht, automatesch ass de Fokus awer e bëssen op engem drop. Ech probéieren dat einfach a positiv Energie ëmzewandelen.”
Nieft dem Sam Wetzel sinn nach eng Rei aner Lëtzebuerger mat dobäi an natierlech d’Elite vum Billardsport.