
En Donneschdeg den Owend goufen d’Patrizia van der Weken an der Ruben Querinjean vun der nationaler Sportspress als Sportlerin a Sportler vum Joer 2025 ausgezeechent. Bei den Damme war d’Entscheedung net sou kloer wéi bei den Hären. Opgrond vun de gudden Resultater vu van der Weken a Lehair konnt een op d’Resultat gespaant sinn.
Am RTL-Interview mam Serge Olmo weist d’Patrizia van der Weken sech iwwer den Ausgang ganz zefridden, vergësst awer och net, déi gutt Prestatioune vum Jeanne Lehair ze ernimmen.
Patrizia van der Weken: “D’Jeanne Lehair hätt den Titel genee sou gutt verdéngt gehat”
“Et ass sou enk ginn, d’Jeanne hätt et och verdéngt gehat. Schlussendlech ass et Sportspress, déi wielt an decidéiert, natierlech sinn ech ëmsou méi frou, datt et dëst Joer nach eng Kéier duergaangen ass.”
Besonnesch den Ufank vun der Saison war fir d’Patrizia van der Weken excellent mat hire Medailen op der Indoor-EM a -WM. No engem schwierege Summer kuckt d’Athletin optimistesch no vir.
“Ech hoffen, datt et nach ëmmer weider no uewe geet, ech hunn nach vill Beräicher an deenen ech mech ka verbesseren. De Summer war e bësse schwiereg , mee ech hunn elo all déi Boboen am Grëff a souwäit gesäit et gutt aus.”
D’Liichtathletik war beim Gala absolut dominant, mam Ruben Querinjean an dem Arnaud Starck huet een dräi vun de véier Haaptpräisser gewonnen.
“Dat bedeit mir ganz vill, ech weess wéi vill ech schaffen. Ech weess, datt den Arnaud an de Ruben och vill schaffen. Dat weist, datt mer um richtege Wee sinn an d’FLA vill richteg mécht.”
Ruben Querinjean: “De Memorial van Damme war den Highlight vu menger Saison”
De Ruben Querinjean huet sech iwwerrascht gewisen, datt seng Leeschtungen zu sou engem klore Resultat gefouert hunn.
“Ech hat mer net onbedéngt erwaart, fir ze gewannen, dat weist awer, datt meng Performancen unerkannt sinn an datt d’Sportspress zu Lëtzebuerg dës ze schätze weess.”
Den 3.000-Meter-Steeple-Spezialist huet sech an de leschten Joren a Méint enorm verbessert an hofft, dat och nach weider ze maachen.
“Et ass schwéier ze soen, wat ee sech nach fir déi nächst Saison erwaarde kann. Ech hoffen, mech net ze blesséieren, an hunn am Moment déi drëtt- oder véiertbescht Zäit an Europa. D’nächst Joer ass eng Europameeschterschaft an do géif ech och gären eng deementspriechend Plaz maachen. 2028 sinn dann déi Olympesch Spiller, dat ass nach wäit ewech, mee a mengem Hannerkapp hunn ech do eng Topp-5-Plaz am Viséier. De beschte Moment 2025 war sécher de Memorial van Damme zu Bréissel. Ech hat net domadder gerechent, op engem Diamond-League-Meeting virun e sou vill Spectateure kënnen ze gewannen.”