Lëtzebuerger Sportlergala 2025Präisser fir van der Weken, Querinjean, Damme-Futtballnationalekipp a Starck

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet d'Lëtzebuerger Sportspress nees d'Awards Night organiséiert, bei där déi bescht Lëtzebuerger Sportler ausgezeechent ginn.
© Roland Miny / pressphoto

D’Liichtathletin Patrizia van der Weken konnt sech wéi schonn 2023 an 2024 iwwer den Titel vun der Sportlerin vum Joer freeën. Beim Sportler vum Joer konnt sech dëst Joer och nees e Liichtathlet freeën. De Ruben Querinjean ass ausgezeechent ginn. Bei der Ekipp vum Joer huet d’Damme-Futtballnationalekipp déi meeschte Punkte kritt an den Trainer vum Joer ass nees den Arnaud Starck (Liichtathketik).

Gewielt goufe si vun de Membere vun der Sportspress.

© Roland Miny / pressphoto

Op der Awards Night 2025 gouf och dem verstuerwene Petz Lahure geduecht. De laangjärege Sportjournalist a President wärend 27 Joer vun der Associatioun vun der Lëtzebuerger Sportspress war den 9. Juli 2025 no kuerzer onbaarmhäerzeger Krankheet am Alter vun 79 Joer verscheet. Hie gouf posthum mam Prix d’Honneur ausgezeechent.

Sportlerin vum Joer

Fir d’drëtte Kéier noeneen dierf sech d’Patrizia van der Weken (446 Punkten) iwwer den Titel vun der Sportlerin vum Joer freeën. Si setzt sech wéi zejoert virun der Triathleetin Jeanne Lehair (375 Punkten) duerch. Mat 182 Punkten ass d’Marie Schreiber (Cyclissem) vun de Membere vun der Sportspress op déi 3. Plaz gewielt ginn.

D’Patrizia van der Weken huet dëst Joer direkt zwou Medaile bei internationale Competitioune gewonnen. Souwuel op der EM zu Apeldoorn wéi och op der WM zu Nanjing ass si déi Drëtt ginn. D’Jeanne Lehair ass bei de sechs éischte Manchë vun der WM an d’Topp 7 komm. Zu Yokohama a Japan stoung si eng éischte Kéier ganz uewen um Podium. D’Marie Schreiber huet et fäerdeg bruecht, de Cyclocross-Weltcup zu Hulst ze gewannen an huet op der WM zu Liévin an der Espoirs-Course Sëlwer gewonnen.

Sportler vum Joer

Bei den Häre geet déi éischt Plaz mat 446 Punkte souverän un de Ruben Querinjean (Liichtathletik). Den 3.000m-Steeple-Leefer huet sech ënner anerem Gold bei de University Games geséchert, huet den Diamond-League-Meeting zu Bréissel gewonnen an ass bei der WM zu Tokio den 10. ginn. Hien huet eng komfortabel Avance op de Reider Victor Bettendorf (156), deen dëst Joer dräi CSI5*-Tournoie gewonnen huet. Op d’Plazen hannendru komme mat 144 Punkte respektiv 137 Punkten déi zwee Futtballer Anthony Moris a Leandro Barreiro. De Moris konnt d’lescht Saison de Championstitel mat Union Saint-Gilloise an der Belsch feieren an huet sech mat sengem fréiere Veräin fir d’Champions League qualifizéiert. De Leandro Barreiro huet ënner anerem mat sengem Veräin Benfica Lissabon de Ligapokal an de Super Cup a Portugal gewonnen.

© Roland Miny / pressphoto

Ekipp vum Joer

D’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Dammen däerf sech iwwer den Titel vun der Ekipp vum Joer freeën. D’Ekipp vum Nationaltrainer Dan Santos, déi an der Nations League den Opstig vun der Liga C an d’Liga B gepackt huet, huet sech mat 397 Punkte behaapt. Op déi zweete Plaz mat 350 Punkte kënnt d’Basketnationalekipp vun den Dammen, déi ganz knapp d’Qualifikatioun fir d’EM 2025 verpasst hat. Déi drëtt Plaz ass fir d’Davis-Cup-Ekipp vum Kapitän Gilles Muller, déi mat enger 3:1-Victoire géint Litauen den Opstig an de Weltgrupp I gepackt hat. Si krute vun de Membere vun der Sportspress 191 Punkten.

© Roland Miny / pressphoto

Trainer vum Joer

Den Arnaud Starck (Liichtathletik) ass op en Neits den Trainer vum Joer. Den Trainer vun ënnert anerem dem Patrizia van der Weken krut 390 Punkten. Déi zweete Plaz ass fir den Dan Santos, den Trainer vun der Futtball-Nationalekipp vun den Dammen, mat 319 Punkten. Déi drëtte Plaz ass mat 229 Punkte fir den Vëlosnationaltrainer Jempy Drucker.

© Roland Miny / pressphoto


Hei fannt Dir déi komplett Resultater

Prix de la Meilleure Sportive

1. Patrizia van der Weken (Liichtathletik) 446
2. Jeanne Lehair (Triathlon) 375
3. Marie Schreiber (Vëlossport) 182
4. Jenny Warling (Karate) 136
5. Laura Miller (Futtball) 64
6. Magaly Meynadier (Basketball) 44
Anne Simon (Basketball) 44
8. Céleste Mordenti (Konschtturnen) 38
9. Vera Bertemes (Liichtathketik) 29
10. Eva Daniëls (Triathlon) 14
11. Marya Klein-Shkolna (Bouschéissen) 10
12. Christine Skarsoe Fie (Dressurreiden) 5

Prix du Meilleur Sportif

1. Ruben Querinjean (Liichtathletik) 446
2. Bettendorf Victor (Sprangreiden) 156
3. Anthony Moris (Futtball) 144
4. Leandro Barreiro (Futtball) 137
5. Chris Rodesch (Tennis) 115
6. Dylan Pereira (Motorsport) 92
7. Mathieu Kockelmann (Vëlossport) 91
8. Danel Sinani (Futtball) 67
9. Grégoire Munster (Automobilsport) 37
10. Charel Grehten (Liichtathletik) 29
11. Ralph Daleiden (Schwammen) 22
12. Bob Jungels (Vëlossport) 16
13. Nicolas Wagner (Dressurreiden) 14
14. Kevin Geniets (Vëlossport) 12
15. Gilles Seywert (Bouschéissen) 9

Challenge de la Meilleure Équipe

1. Nationalekipp Dammen (Futtball) 397
2. Nationalekipp Dammen (Basketball) 350
3. Davis-Cup-Ekipp (Tennis) 191
4. Nationalekipp Tour de Luxembourg (Vëlossport) 178
5. HB Diddeleng Hären (Handball) 140
6. Nationalekipp Hären (Kicker) 83
7. Triplette-Team Hären (Petanque) 48

Prix de l’Entraîneur de l’Année

1. Arnaud Starck (Liichtathletik) 390
2. Dan Santos (Futtball) 319
3. Jempy Drucker (Vëlossport) 229
4. Thomas Vandormael (Liichtathletik) 228
5. Mariusz Dziurdzia (Basketball) 221

Weider Präisser:

Challenge Jeune Espoir

• Lea Tonus (Bouschéissen): Déi 18 Joer al Athletin am Compound zielt weltwäit zu de beschten Nowuesstalenter an hirer Altersklass. Ufank 2025 huet d’Lea de General vun der Indoor World Series gewonnen, inklusiv Victoirë bei de GT Open zu Lëtzebuerg an zu Nîmes.
• Enzo Duarte (Futtball): De 16 Joer ale Stammspiller an der U19 vu Borussia Dortmund huet den 10. Juni säin Debut gefeiert bei der A-Nationalekipp am Testmatch géint Irland.

© Roland Miny / pressphoto

Prix d’Honneur

• Petz Lahure (Sportspress.lu): Wärend 27 Joer huet de Petz Lahure de lëtzebuergesche Sportspressverband geleet, dësen an eng nei Ära gefouert an de Sportjournalismus iwwer d’Grenzen eraus gepräägt. Hie war ënnert anerem bei 15 Olympesche Spiller a ronn 40 Mol beim Tour de France dobäi. Am Juli war den Éierepresident vu sportspress.lu no kuerzer schwéierer Krankheet verscheet.

Prix Fairplay

• Luka Mladenovic (Dëschtennis): An der Bundesliga stoung de Mladenovic am entscheedende Saz géint den Tiago Apolonia kuerz virun der Victoire. Obwuel him de Matchpunkt zougesprach gi war, hat hien d’Entscheedung korrigéiert, well de Ball vu sengem Géigner d’Kant vum Dësch beréiert hat. Doduerch sollt hien net nëmmen de Set, mä och de Match verléieren. E remarkabele Gest vu Fairplay, besonnesch well seng Ekipp Grenzau géint den Ofstig gespillt huet.

© Roland Miny / pressphoto

Prix Ultrasport

• Jemp Moura (Trail): Beim Terra de Gigantes a Portugal hat de Moura 309 Kilometer an 10.000 Héichtemeter a knapp 65 Stonne bewältegt, fir um Enn op de 12. Plaz ze kommen.

© Roland Miny / pressphoto

Prix Sport et Handicap

• Liz Conzemius (Blannentennis): No hirem Weltmeeschtertitel zejoert huet si bei der EM am Oktober den Titel am Damme-Simpel gewonnen, ouni en eenzegt Spill ofzeginn. Donieft gouf et och nach Gold am Mixed, dat zesumme mam Nicolas Berodt.

© Roland Miny / pressphoto

Back to Top
CIM LOGO