Den Iwwerbléck vum WantersportVéierschanzentournée: Ren Nikaido stéisst Domen Prevc zu Innsbruck vum Troun

Jeff Birsens
No der Dominatioun vum Domen Prevc bei den éischten zwou Competitiounen, war et beim drëtte Sprangen e gutt Stéck méi spannend.
Winner Japan's Ren Nikaido celebrates with the trophy after the Men's Individual Large Hill HS128 event of the FIS Ski Jumping World Cup, the third leg of the Four Hills Tournament, in Innsbruck, Austria on January 4 , 2026. (Photo by KERSTIN JOENSSON / AFP)
© AFP

Schisprangen

E Sonndeg war zu Innsbruck dat drëtt Sprange vun der Véierschanzentournée. Nodeems den Domen Prevc zu Oberstdorf an zu Garmisch-Partenkirchen senger Konkurrenz keng Chance gelooss hat, gëtt et zu Innsbruck mam Ren Nikaido een neie Gewënner ginn. De Japaner huet sech mat 276.50 Punkten immens knapp virum Slowen duerchgesat, deen op 276.00 Punkte komm ass. Drëtten ass de Stephan Embacher aus Éisträich mat 275.80 Punkte ginn.

Trotz der zweeter Plaz op dësem Sonndeg bleift den Domen Prevc awer weider mat engem komfortabelen Ecart Leader am General. Dat lescht Sprange vun der Véierschanzentournée ass en Dënschdeg zu Bischofshofen.

Schi Alpin

Am Schi Alpin waren d’Dammen e Sonndeg am Slalom zu Kranjska Gora gefuerdert. Wéi och schonn e Samschdeg am Riseslalom konnt sech op en Neits d’Camille Rast behaapten. D’Schwäizerin hat um Enn e Virsprong vun 0.14 Sekonnen op d’Mikaela Shiffrin aus den USA an 1.83 Sekonnen op hir Landsfra Wendy Holdener.

Artikel vum 03.01.2026

Back to Top
CIM LOGO