Den Iwwerbléck vum WantersportCamille Rast denkt bei Riseslalom-Victoire un Affer vu Crans-Montana

Jeff Birsens
E Samschdeg stoung am Wantersport de Riseslalom bei den Dammen zu Kranjska Gora a Slowenien um Programm. An trotzdeem ware bei der Gewënnerin d'Gedanke bei den Affer aus der eegener Heemecht.
© Foto von JURE MAKOVEC / AFP

Schi Alpin

Déi éischt Weltcup-Course am neie Joer ass bei den Dammen un d’Camille Rast gaangen. Beim Riseslalom zu Kranjska Gora huet d’Schwäizerin d’Julia Scheib aus Éisträich mat 0,20 Sekonnen an d’US-Amerikanerin Paula Moltzan mat 0,47 Sekonnen hannert sech gelooss. D’Camille Rast, dat aus dem Wallis, net wäit vu Crans-Montana kënnt, hat scho virun der Course hiert Matgefill zum déidleche Feier an enger Bar ausgedréckt. “Ech denken un all déi Betraffen an Hëllefer [...] Ech wäert an de Coursse mäi Bescht ginn”, sou d’Schwäizerin am Interview mam SRF. Och no der Victoire huet si d’Denken un d’Affer nach eemol kloer gemaach an op hire schwaarzen Trauer-Bändchen um Aarm geklappt.

Schisprangen

E Samschdeg war dann och nach d’Qualifikatioun fir déi drëtt Statioun vun der Véierschanzentournée. Zu Innsbruch huet de Jan Hörl sech mat 132.50 Punkten déi éischt Plaz geholl, dat virum Stefan Kraft (131.60 Punkten) an dem Stephan Embacher (129.40). Dat drëtt Sprangen ass e Sonndeg vun 13.30 Auer un.

Weideren Artikel zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO