Australien OpenRodesch verléiert am zweeten Tour vun der Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
No enger Victoire am éischten Tour war d'Aventure Australian Open direkt den Dag dono fir de Lëtzebuerger eriwwer.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

Nodeem de Chris Rodesch sech nach am éischten Tour géint de Billy Harris an zwee Sätz konnt duerchsetzen, war schonn direkt um Dag dono d’Aventure fir d’Lëtzebuerger Nummer 1 am Tennis eriwwer. Am Duell géint säi fréiere Studiekolleeg de Spuenier Rafael Jodar war no zwee Sätz fir de Lëtzebuerger Schluss.

D’Nummer 150 op der Welt huet d’Partie géint de Lëtzebuerger, aktuell Nummer 208, mat 7:6 a 6:3 fir sech decidéiert. De Chris Rodesch ass déi aktuell Nummer 208 an der Weltranglëscht.

Back to Top
CIM LOGO