Virschau op d'Australian OpenSinner, Alcaraz a Sabalenka sinn déi grouss Favoritten

Sam Rickal
D'lescht Joer konnte sech de Jannik Sinner bei den Hären an d'Madison Keys bei den Dammen den Titel sécheren.
© AFP

Vum 18. Januar bis den 1. Februar stinn am Tennis nees d’Australian Open zu Melbourne um Programm. Gespillt gëtt am Melbourne Park op 24 “Hardcourt"-Terrainen. Déi meescht Plaz fir d’Spectateure bitt d’Rod Laver Arena mat 14.820 Sëtzplazen. 64 Milliounen Euro Präisgeld ginn insgesamt verdeelt. Déi béid Gewënner kréien donieft jeeweils 2,58 Milliounen Euro, also bal 20 Prozent méi wéi d’lescht Joer.

D’Lëtzebuerger Nummer 1 Chris Rodesch konnt sech zwar an der éischter Qualifikatiounsronn vun den Australien Open géint Billy Harris behaapten, gouf awer am zweeten Tour vu sengem fréiere Studiekolleeg dem Spuenier Rafael Jodar eliminéiert.

Wie sinn d’Favoritten?

Bei den Häre féiert warscheinlech kee Wee laanscht de Jannik Sinner an de Carlos Alcaraz. Déi lescht zwee Joer hu sech den Italieener an de Spuenier d’Schlussvictoiren op all de Grand-Slamen ënnerteneen opgedeelt. Beim Alcaraz bleift et ofzewaarden, wéi hie mat der Trennung vu sengem laangjäregen Trainer Juan Carlos Ferrero ëmgeet, deen den US-Open-Vainqueur vun 2025 zanter Dezember net méi trainéiert. De Spuenier konnt d’Australian Open bis ewell nach net gewannen, de Jannik Sinner dogéint am Joer 2024 an 2025.

Et däerf een och gespaant sinn, wéi sech den Novak Djokovic aus der Affär zitt. De Serb huet bis ewell 24 Grand-Slame gewonnen a wëll zu Melbourne sécherlech säi 25. groussen Titel fir sech entscheeden. 10 Mol konnt hie sech bei den Australian Open duerchsetzen, méi wéi keen aneren. Allerdéngs steet nach hannert sengem Numm e klengt Fragezeechen. Den 38 Joer alen Djokovic ass ëmmer rëm mat Blessure geplot. D’lescht Joer huet hie fir säi Match an der Halleffinall bei den Australian Open géint den Aleksander Zverev, wéinst engem Muskelrass am Uewerschenkel, misse Forfait erklären. Aktuell trainéiert hien awer an Australien.

D’Victoire vum Madison Keys war d’lescht Joer déi grouss Iwwerraschung bei den Dammen. D’Aryna Sabalenka war déi grouss Favorittin, huet sech awer an der Finall an dräi Sätz géint d’US-Amerikanerin misse geschloe ginn. 2024 an 2025 hat d’Sabalenka d’Australian Open gewonnen. D’Nummer 1 vun der Welt wëll dëse “Faux pas” dëst Joer nees gutt maachen an ass och fir dës Editioun déi grouss Favorittin.

Back to Top
CIM LOGO