
De Stephen Bunting, déi aktuell Nummer 4 an der Weltranglëscht, ass schonn am drëtten Tour eliminéiert ginn. Dobäi war d’Hoffnung beim Bunting op e grousse Coup bei der dësjäreger Weltmeeschterschaft grouss. Hien hat am Virfeld gesot, hie wär an “Toppform”. Elo muss de Britt schonn no zwee Matcher Äddi soen. Hien ass den am héchste gesate Spiller, dee bis elo eliminéiert gouf.
E Samschdeg war et en enke Match géint den James Hurrell, mee um Enn housch et 3:4 aus Siicht vum Bunting. Dobäi hat hie sech e puermol no engem Réckstand an de Match zeréckgekämpft. D’Aus vun “The Bullet” gouf och vu sengem Konkurrent Luke Littler opgegraff, deen no senger Victoire géint de Mensur Suljovic sot, “de Bunting-Effekt funktionéiert menger Meenung no net esou gutt”.
De Wesley Plaisier gouf iwwerdeems no senger sensationeller Victoire géint de Gerwyn Price e Samschdeg och eliminéiert. Hien huet 3:4 géint de Pol Krzysztof Ratajski verluer.