
An der éischter Aachtelsfinall krut de Ryan Searle et mam James Hurrell ze dinn. Béid Spiller si staark an d’Partie gestart, de Searle konnt den éischte Saz knapp mat 3:2 gewannen. Den Hurrell konnt säin Niveau, deen en an der Partie géint de Stephen Bunting hat, net areechen a war am 2. Saz ouni Chance. Dem Hurrell seng Quot op Duebelfelder war net gutt an de Searle huet dovu profitéiert fir och den 3. Saz ze wannen. De leschte Saz goung och un de Searle, dee sech mat engem klore 4:0 fir Véierelsfinall qualifizéiert huet.
An der Partie tëscht dem Titelverdeedeger Luke Littler an dem fréiere Weltmeeschter Rob Cross huet de Favorit zwee Sätz gebraucht fir richteg an de Match ze kommen. Am 3. Saz huet de Littler en Average vun iwwer 125 gespillt a goung mat 2:1 an de Sätz a Féierung. De Littler hat elo déi néideg Confiance a konnt och de nächste Saz fir sech entscheeden. De Cross konnt awer dogéint halen an duerch eng Perfekt Duebelquot am 5. Saz huet de Cross op 2:3 verkierzt. Am 6. Saz louche béid Spiller deelweis bei engem Average vun iwwer 115, de Littler hat déi besser Nerven a konnt dee Saz knapp 3:2 gewannen. Dat goung duer, fir de Rob Cross mat 4:2 ze schloen.
An der 3. Ronn vun der Darts-WM gouf et schonn um Sonndeg déi gréissten Iwwerraschung. De Stephen Bunting war dem James Hurrell ënnerleeën. Um Méindeg huet d’Nummer 15 vun der Weltranglëscht Nathan Aspinall géint de Kevin Doets aus Holland mat 3:4 verluer. Mam Martin Schindler (0:4 géint den Ryan Searle) an dem Damon Heta (0:4 géint de Rob Cross) si weider gesate Spiller aus dem Turnéier ausgescheet. An den Aachtelsfinalle stoungen domadder just nach siwe Spiller aus den Top 16 vun der PDC-Weltranglëscht.
De Luke Littler an den Michael van Gerwen haten dogéint keng Problemer, fir sech fir den nächsten Tour ze qualifizéieren. De Littler huet de Kultspiller Mensur Suljovic kloer mat 4:0 geschloen an dobäi just dräi Jeuen ofginn. Den MvG huet zwar e Saz verluer, d'4:1-Victoire géint den Däitschen Arno Merk war awer ni a Gefor.
Méi schwéier gedoe fir an d’Aachtelsfinall ze kommen hu sech d’Nummer 5 Jonny Clayton an d’Nummer 2 Luke Humphries. Den Humphries war géint de Gabriel Clemens scho kloer 3:0 an de Sätz vir. Den Däitschen huet sech awer net ënnerkréie gelooss, konnt op 2:3 erukommen an hat Feiler fir an de Sätz op 3:3 ze stellen. Déi huet de Clemens awer net genotzt, esou datt den Humphries mat 4:2 d’Iwwerhand behale konnt.
Den Jonny Clayton huet eng gutt Performance gebraucht fir sech géint den Hollänner Niels Zonneveld duerchzesetzen. No sechs Sätz stoung et 3:3 gläich. Am entscheedende Saz ass dem Clayton awer e Break gelongen an et huet sech mat 4:3 behaapt. Zonneveld a Clayton hunn zesummen an der Partie net manner wéi 18 Mol d'180 getraff.
E Comeback-Succès gouf et de Krzysztof Ratajski géint de Wesley Plaisier, deen an der Ronn virdru géint der Gerwyn Price gewonnen hat. De Ratajski louch 1:3 an de Sätz hannen a hat och Matchdarts géint sech. De Plaisier konnt keng notzen an esou huet de Ratajski sech um Enn 4:3 behaapt.
An d’Aachtelsfinall hunn et och nach den Charlie Manby, den Justin Hood, den Gian van Veen, de Gary Anderson, den Andreas Harrysson, de Luke Woodhouse an den Josh Rock gepackt. Hei kënnt et ënner anerem zum Duell tëscht den Ex-Weltmeeschtere Michael van Gerwen a Gary Anderson. De Luke Humpries kritt et mam Kevin Doets ze dinn.