
E Samschdeg de Mëtteg war zu Langsur an Däitschland den Depart vun der 34. Editioun vum grenziwwerschreidenden Deulux-Lauf. Iwwer 10 Kilometer goung d'Streck laanscht d'Sauer duerch Méischdref, Mesenich a Metzdorf.
Bei den Hären ass den Alexander Tesfay mat enger Zäit vun 29 Minutten an 43 Sekonnen op déi 1. Plaz gelaf. Den eritreeësche Leefer vum CA Bieles hat dobäi eng Avance vu bal 50 Sekonnen op den Tom Recht vum CA Schëffleng, deen et op Plaz 2 gepackt huet an domat beschte Lëtzebuerger gouf. Den Dorian Mogin huet mat engem Chrono vun 30 Minutten an 38 Sekonnen de Podium komplettéiert. Den Tesfay ass mat senger Zäit just 4 Sekonnen iwwert dem Streckerekord bliwwen, deen 2024 vum Charel Grethen opgestallt gouf.
Bei den Damme konnt d'Vera Bertemes-Hoffmann vum Celtic Diekirch d'Course fir sech decidéieren. D'Lëtzebuergerin huet sech mat enger Zäit vu 35 Minutten an enger Sekonn knapp virum Jenny Gloden vum CA Fola duerchgesat (35:07 Minutten). Hei war déi 3. Plaz fir d'Anny Wolter (35:40 Minutten), déi d'Course déi lescht zwee Joer gewanne konnt. No 2016, 2017, 2018 an 2024 ass et schonn déi 5. Kéier, dass d'Bertemes-Hoffmann dës Course gewanne kann.
Am Jugendlaf iwwer 2000 Meter konnte sech den Noah Kissen vum CA Fola (6:32 Minutten) an d'Lea Hayer (6:52 Minutten) iwwer déi 1. Plaz freeën. Am Ganze waren e Samschdeg ronn 1900 Leeferinnen a Leefer zu Langsur mat um Depart.