
Zu Levi a Finnland war e Samschdeg de Moien bei den Dammen déi 2. Course vun der Saison. Nodeems d'Optaktvictoire am Riseslalom nach un d'Paula Moltzan gaange war, konnt sech d'Emma Aicher dëse Weekend am Slalom déi 1. Plaz sécheren.
Nom 1. Laf louch déi däitsch Schifuererin virop a konnt dee Virsprong dann och am 2. Laf verdeedegen. Mat enger Avance vun 43 Honnertstel op d'Albanerin Lara Colturi kann d'Aicher domat déi éischt Weltcup-Victoire am Slalom feieren. Komplettéiert gouf de Podium vun der Éisträicherin Katharina Truppe (+0,50 Sekonnen).
An der Gesamtwäertung setzt d'Aicher sech mat dësem Succès och un d'Spëtzt, dat awer punktgläich mat der Colturi, déi et a béide Courssen op Plaz 2 gepackt huet.