No enger Woch Kompetitioun gouf e Sonndeg zu Péiteng eng weider Editioun vun de Kyotec Open clôturéiert. Géigeniwwer stounge sech an der Finall d'Anna Siskova aus Tschechien an d'Veronika Podrez aus der Ukrain. Virun allem déi 19 Joer al zweet-genannten hat dëst Joer scho bei aneren Turnéieren op sech opmierksam gemaach, sou hat d'Spillerin sech beispillsweis bis an d'Finall beim WTA Tournoi zu Rouen gespillt.
Virum Match gouf et dëst Joer awer och een neie Programmpunkt. Do sinn nämlech gemëschten Ekippen aus Tennisspillerinnen ouni kierperlech Behënnerung a Sportler aus dem Special Olympics Team mat kierperlecher Behënnerung géinteneen ugetrueden.
Dono war et dann um Veronika Podrez, dat d'Finall am éischte Saz dominéiert huet. Zwar konnt d'Anna Siskova ganz am Ufank mathalen, mam 3:2 ass dunn awer dem Veronika Podrez ee Break gelongen. Dee sollt Saz-entscheedend sinn, well déi 19 Joer al Ukrainerin dono och relativ séier weider Punkte gemaach huet an den éischte Saz mat 6:2 fir sech entscheede konnt.
Am zweete Saz koum dunn awer d'Anna Siskova, dat besser am Match war a sou och mat engem Break 5:3 a Féierung konnt goen. D'Veronika Podrez huet awer net opginn an de Match dono rëm komplett an hir Richtung gedréint. Zwar war d'Finall an dëser Phas immens enk, an awer krut d'Ukrainerin et nach fäerdeg, den zweete Saz mat 7:5 a sou och déi ganz Finall ze gewannen.
Nom Match war déi aktuell Nummer 127 op der Welt dann natierlech frou: "Ech wousst, datt ech de Match an zwee Sätz entscheede muss, et war einfach net méi vill Kraaft do. Ech hat mir d'Anna am Virfeld op takteschem Plang ugekuckt an och schonn am September géint hatt gespillt. Leider hunn ech awer am zweete Saz puer Feeler gemaach a sou war ech 3:5 hannen. Dono hunn ech awer ee Break gemaach an op 4:5 verkierzt, wat mir Hoffnung ginn huet fir den zweete Saz dann och nach ze gewannen."
Et war insgesamt eng flott Victoire fir d’Veronika Podrez, dat ëmmer gären op Lëtzebuerg kënnt: "Insgesamt sinn ech natierlech frou, datt ech rëm zu Lëtzebuerg konnt spillen dës Woch. Ech kommen ëmmer gären zeréck an de Fakt, datt ech zu Paräis wunnen an datt dat net wäit fort ass, ass natierlech och super. Et schwätzt och jidderee Franséisch, wat et natierlech och méi einfach mécht. Ech si wierklech immens frou elo."
An och net nëmmen eng gutt Finall war gutt, mee och den Niveau insgesamt iwwer déi ganz Woch war héich.
Dem Direkter vum Tournoi Alain Urth no, hat dat mam enke Starterfeld ze dinn: "Den Tableau elo war immens staark, en huet opgehale beim Ranking vun 280 WTA. D'lescht Joer hat en nach bei 380 WTA opgehalen, wat also eng grouss Steigerung ass. Et war alles méi enk a mir hunn och vill méi enk Matcher gehat dëst Joer. D'Spillerinne waren einfach vill méi no beienee klasséiert."
D'nächst Joer soll den Tournoi dann eng weider Kéier gespillt ginn, eventuell jo souguer op en Neits mat der Gewënnerin vun dësem Joer.