
Zanter dem 8. Spilldag gëtt et keng Ekipp méi, déi bis ewell all hir Matcher konnt gewannen. Hei waren et d'Vikings, déi als lescht vun den Ekippe eng Partie verluer hunn. D'Chargers sinn dann déi eenzeg Ekipp, déi no 9 Spilldeeg nach ëmmer op eng Victoire waart.
Mat enger Néierlag aus aacht Matcher sinn d'Bills dominant an der AFC East. D'Patriots dohannert hu mat 5:4 kee schlechte Record, et wäert awer schwiereg ginn, fir nach déi éischt Plaz an domadder eng sécher Playoff-Plaz ze kréien. D'Jets an Dolphins si mat zwou respektiv enger Victoire ofgeschloen.
No der Hallschent vun der regulärer Saison ass et hei extreem enk. D'Steelers sti mat 6 Victoiren an zwou Néierlagen un der Spëtzt, punktgläich mat de Bengals. D'Browns hunn dohannert aus néng Matcher konnte fënnef Victoirë feieren. D'Ravens lafe mat engem 4:5-Score e bëssen hannendrun, sinn awer alles anescht, wéi aus der Course ëm d'Playoffs.

Jacksonville huet an der Divisioun d'Nues däitlech vir. Sechs Victoiren an zwou Néierlage katapultéiere si un Spëtzt an d'Qualifikatioun fir d'Playoffs gëtt ëmmer méi däitlech. D'Texans (3:5), d'Colts (2:7) an d'Titans (1:7) mussen op méi wéi ee Wonner hoffen, fir nach no der regulärer Saison dierfe matzespillen.
D'Broncos (7:2) an d'Chiefs (6:2) duelléiere sech aktuell ëm déi éischte Plaz an der Divisioun an domadder eng sécher Plaz an de Playoffs. D'Raiders sinn e bëssen ofgeschloen dohannert mat just véier Victoiren aus néng Matcher. D'Chargers dogéint konnte bis elo nach absolut keng Partie fir sech entscheeden.
Hei ass net wierklech eng Ekipp, déi dominéiert. D'Giants leien aktuell mat fënnef Victoiren, zwou Néierlagen an engem Gläichspill un der Spëtzt, ma d'Cowboys komme mat engem 4:5 direkt hannendrun. D'Commanders an d'Eagles konnte bis ewell just zwou Victoire feieren. Hir Chancë bestinn awer quasi just nach, well net wierklech eng Ekipp hei dominéiere kann.
Néierens ass et aktuell esou enk, wéi an der NFC North. Hei hunn d'Ekippe alleguerten en däitlech positive Record. D'Bears sinn hei déi éischt mat 7 Victoiren an zwou Néierlagen, dohannert kommen d'Lions an d'Vikings mat béid engem 6:2-Stand an déi "schlechtst" Ekipp sinn d'Packers, déi bei 6 Victoiren awer dräi Néierlagen hu missten astiechen.

Nach schlëmmer wéi an der NFC East ass d'Situatioun an der NFC South. Hei kéint sech, wéi och schonn déi Jore virdrun, eng Ekipp fir d'Playoffs qualifizéieren, déi en negative Record an der Saison hat. Well bis ewell konnten d'Panthers, d'Saints, d'Buccaneers an d'Falcons alleguer just dräi vun hiren aacht respektiv néng Matcher gewannen an hunn der deemno fënnef respektiv sechs verluer.
Hei ass eng vun de stäerksten Ekippen an der ganzer National Football Conference ënnerwee. D'49ers hu bis ewell just eng Partie vun aacht verluer a stinn domadder wäit uewen an der Tabelle. D'Seahawks an d'Rams konnte fënnef vun néng Matcher gewannen an d'Cardinals hu grad emol dräi Victoiren ze verbuchen.
Wier d'Saison haut eriwwer, géifen d'Playoffs esou ausgesinn:
An der AFC wieren d'Bills als éischt an der Wildcard-Round spillfräi. D'Broncos géifen als 2. op d'Patriots treffen, d'Jaguars hätten et mat de Bengals ze dinn an d'Steelers géifen d'Chiefs empfänken.

D'49ers kéinten aktuell als stäerkst Ekipp an der NFC déi éischt Playoff-Ronn hir Leit schounen, wärend d'Bears als 2. doheem op d'Packers treffen. Giants géifen et mat de Vikings ze di kréien an d'Panther treffen am Wëllkazen-Duell op d'Lions.
Ganzer 96 Punkte gouf et dann am Duell tëscht den Chicago Bears an den Carolina Panthers, bei deem d'Bears mat aacht Touchdownen dominéiert hunn an 59:37 konnte gewannen.
Den Duell aus der NFC South tëscht den Tampa Bay Buccaneers an den Atlanta Falcons war eng richteg Reeschluecht. D'Wieder huet d'Spillen hei extreem beaflosst a Bäll passen oder fänken, war eng nach méi schwéier Aufgab wéi soss. D'Bucs hunn no dräi mësslongene Passen dëst einfach opginn an hiert ganzt Spill op de Laf konzentréiert. No hirer 16:0-Victoire doheem si si domadder zanter 1974 déi éischt Ekipp, där et gelongen ass, e Match ze gewannen, ouni datt eng Pass ukomm ass. Hir Defence iwwregens konnt méi Bäll vum Quarterback vun de Falcons Michael Penix offänken, wéi hiren eegene Quarterback Baker Mayfield iwwerhaapt selwer gepasst huet: ganzer 4.

Bleiwe mer da bei de Falcons: Aktuell si si déi Lescht an der schwaachster Divisioun an der NFL. Hinnen ass awer d'Konschtstéck gelongen, fir 29:20 géint d'49ers ze gewannen, déi bis zu dem 7. Spilldag komplett dominéiert hunn.
Net eng Ekipp, mä e Spiller, gëllt et dann hei och nach ervirzehiewen: Den J. J. McCarthy. De Quarterback gouf Ufank vun der Saison bei de Vikings komplett aussortéiert a koum no der Blessure vum Jaxon Dart op New York bei d'Giants. Ufanks just als Backup fir den Ersatzmann Jameis Winston huet de McCarthy seng Qualitéiten hei ënner Beweis konnte stellen an huet däitlech dozou bäigedroen, datt d'Giants aktuell esou staark spillen.
E Match gëllt et dann awer nach ervirzehiewen, dëst war d'Partie tëscht zwou vun den Ekippen, déi aktuell richteg staark ënnerwee waren. Dëst war an engems och de leschte Match vun dësem néngte Spilldag. D'Bills hu misste bei de Vikings untrieden an u sech konnt ee sech en enken a spannend Match erwaarden, ëmmerhin hate béid Ekippe bis ewell just eng Kéier verluer. Ma d'Vikings goufen doheem reegelrecht virgefouert. Grad emol zwee Fieldgoals, also sechs Punkte waren hinnen am zweete Véierel gelongen, soss hu si net eng Kéier Punkten op d'Tafel bruecht. D'Bills dogéint ware besser ënnerwee a konnten an all Véierel Punkte maachen. D'Decisioun ass awer an de leschte 15 Minutte gefall, wéi de Gäscht 10 Punkte gelonge sinn a si de Match mat 23:6 gewanne konnten.

Duerch de System an der NFL, bei deem tëscht dem 5. an dem 14. Spilldag all Ekipp eng Kéier e Spilldag fräi huet - déi sougenannt Bye Week - hunn um 9. Spilldag verschidden Ekippen effektiv schonn néng Matcher hannert sech, wärend aner Ekippen der eréischt aacht gespillt hunn.