Déi Lëtzebuerger Judo-Federatioun war souwuel vum 28. Oktober bis den 1. November a Florida an den USA, wéi och vum 5. bis den 8. November zu Québec a Kanada mat verschidden Judoka am Asaz a konnt e puer gutt Resultater opweisen.
Am grousse Ganze konnten d'FLJudo-Athleten 8 Medaile gewannen. Bei de Juniore konnt sech de Micha Welter an der Kategorie ënner 100 Kilo iwwer Gold freeën. D'Soukayna Moreira (Cadet, -52 kg) an de Claudio Nunes Dos Santos (-81 kg) konnte sech um selwechten Tournoi déi 2. Plaz sécheren. Donieft hunn den Ugo Marchiori (Cadet, -60 kg), de Kevin Nunes Dos Santos (Junior, -73 kg) an d'Leni Welter (Junior, -70 kg) d'Bronzmedail gewonnen.
Déi Lëtzebuerger Damme konnten och e puer Deeg drop hir gutt Performancen zu Québec a Kanada widderhuelen. D'Leni Welter (Junior, -70 kg) an d'Soukayna Moreira (Cadet, -52 kg) hu sech do um Enn iwwer déi 3. Plaz konnte freeën.