Darts-WM: 1/8-FinallenWM-Debutant Hood verzaubert den Ally Pally, van Gerwen eliminéiert

Jeff Birsens
En Dënschdeg goufen am Alexandra Palace zu London déi lescht Partië vun den 1/8-Finalle gespillt.
© Foto von WAYNE TUCKWELL / PROSPORTSIMAGES / DPPI VIA AFP

Fir déi zweete Kéier a senger Karriär huet et de Krzystof Ratajski an d'1/4-Finalle vun der Darts-WM gepackt. Am éischten Duell vum Dënschdegmëtteg huet sech de Pol mat 4:2 géint de Luke Woodhouse duerchgesat. Dem Englänner war am drëtte Saz bal en Nine-Darter gelongen, ma den decisive Feil op d’Duebel-12 huet net gepasst. Am grousse Ganze war de Ratajski awer dee méi konstante Spiller, dee sech an enger Partie op Aenhéicht duerchsetze konnt. An den 1/4-Finalle kritt hien et elo mam aktuelle Weltmeeschter Luke Littler ze dinn.

Eriwwer ass et fir de WM-Debutant Andreas Harrysson, fir deen et eng 2:4-Defaite géint den Jonny Clayton gouf. De Schwed war dobäi gutt an de Match gestart a louch ufanks mat 2:1 a Féierung. Och duerno hätt hien d’Sätz eigentlech gewanne kënnen, ma an den decisive Momenter huet hie sech ze vill Feeler erlaabt. Den Jonny Clayton dogéint, dee mat engem 92er Average net de beschten Dag erwëscht huet, konnt mat senger Erfarung punkten a sech um Enn den Ticket fir déi nächst Ronn sécheren, an där et géint de Ryan Searle geet.

Déi gréisst Iwwerraschung vum Dag ass dem Justin Hood gelongen, deen de favoriséierten Josh Rock mat 4:0 deklasséiert huet. Op senger éischter WM huet den Englänner Hood mam Spëtznumm “Happy Feet” och an den 1/8-Finallen nees grouss opgespillt. Nieft enger Rei 180er huet hie virun allem mat senger Duebelquot brilléiert, déi no dräi Sätz nach bei 100 Prozent louch. Zwar goufen duerno e puer Matchdarts net genotzt, dat sollt awer näischt méi un der Victoire fir den Justin Hood änneren.

Fir den Optakt vun der Owes-Session huet e staarken Gian van Veen den Charlie Manby mat 4:1 geschloen. Den “The Giant” huet ënner anerem mat néng 180er konstant gutt gescored a war an deene wichtege Momenter vum Match do, fir d’Victoire um Enn ze sécheren.

Mam Michael van Gerwen ass dann den nächste grousse Favorit op de WM-Titel eliminéiert, dee mat 1:4 géint de Gary Anderson verluer huet. Dobäi war den Hollänner déi ganz Partie iwwer op Aenhéicht mat sengem Géigner aus Schottland. Béid Spiller haten um Enn en Average vun 99 Punkten, ma den Ënnerscheed huet um Enn d’Doppelquot gemaach, déi beim van Gerwen just bei 31 Prozent louch. An deenen decisive Momenter huet et sou dacks um leschte Feil gefeelt, fir d’Legs fir sech ze entscheeden, a sou geet et fir d’Nummer 3 vun der Welt net weider an d'1/4-Finallen.

Am leschte Match vum Dag huet sech de Luke Humphries dann nach souverän mat 4:1 géint de Kevin Doets duerchgesat. Den Hollänner hat zwar gutt an de Match fonnt a konnt direkt den éischte Saz fir sech entscheeden, ma duerno war de Luke Humphries op sengem gewinnten Niveau. Den Englänner huet et dem Doets schwéier gemaach, dee sech vum staarken Optrëtt vu sengem Géigner beandrockt gewisen huet a bis zum Enn selwer de Rythmus net méi rëmfanne konnt, fir de Match nees op seng Säit ze dréinen.

E Méindeg den Owend hate sech de Luke Littler an de Ryan Searle schonn déi éischt zwee Tickete fir d'1/4-Finall geséchert.

Artikel vum 29.12.2025

Back to Top
CIM LOGO