Héichwaasser an NeiséilandStéier gëtt a Floss 80 Kilometer wäit fortgespullt - an iwwerlieft

RTL Lëtzebuerg
De Stéier huet een 10 Meter héije Waasserfall iwwerlieft, a gouf ronn 80 Kilometer weider flossofwäerts lieweg erëmfonnt.
© COURTESY OF TONY PEACOCK/AFP/Handout

An Neiséiland huet ee Stéier Ongleefleches iwwerlieft. Ufank Februar huet gouf et op der Westküst vun der Südinsel staarke Reen, deen zu de schwéiersten Iwwerschwemmungen a bal 80 Joer gefouert huet. Dem Kou-Bauer Tony Peakock goufen dobäi dräi Déiere fortgespullt.

D’Waasser koum esou séier, datt hien et net méi gepackt hätt, seng Déieren op eng méi héich geleeë Plaz ze bréngen, esou de Peacock zu der Noriichtenagence AFP. Eréischt Moies wier him d’Ausmooss kloer ginn, do waren d’Kéi awer scho fort: “Ech hätt ni geduecht, datt ech och nëmmen eng vun hinnen nach emol géif rëmgesinn.”

Eng Woch méi spéit krut de Bauer dunn een iwwerraschenden Uruff. Ee vu senge Stéiere wier zu Westport um Bord vun engem Floss erëmfonnt ginn, bal 80 Kilometer fort vum Bauer sengem Betrib. Tëscht deenen zwou Plaze gëtt et ënnert anerem ee ronn 10 Meter héije Waasserfall, deen de Stéier wuel vun de staarke Stréimungen erofgespullt ginn ass.

D’Déier konnt duerch seng Oueremarkéiereung identifizéiert ginn. De Stéier vun der Hereford-Rass ass antëscht nees doheem an ass do a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen. Hie wier elo eng “lokal Legend”, esou de Bauer: “Hien ass méi berüümt, wéis sos iergendeppes, wat mir produzéiert hunn.”

Back to Top
CIM LOGO