Am Kader vun Esch 2022 kucke mir all Mount op Perséinlechkeeten aus de Südgemengen an erzielen hir Liewensgeschichten.

Monnerech zielt zu den eelsten Uertschaften am Grand Duché. 965 ass Monnerech déi éischte Kéier an engem offiziellen Dokument erwäänt ginn. Iwwer 1.000 Joer duerno - 1989 sinn hei Iwwerreschter vun enger grousser gallo-réimescher Villa fonnt ginn. Monnerech huet eng beweegte Geschicht - an dat virun allem am Mëttelalter. Vill Hexeprozesser goufen duerchgefouert an duerch d'Pescht huet Monnerech 1620 d'Hallschent vun der Populatioun verluer.

RTL

Ma och duerch eng sëlleg Kricher am 17. Joerhonnert ass Monnerech e puer Mol dem Feier zum Affer gefall. D'18. Joerhonnert sollt dunn eng Verbesserung mat sech bréngen duerch déi éisträichesch Herrschaft vun der Kaiserin Maria Theresa. Net nëmmen zu Monnerech, mee am ganze Land huet sech d'Liewensqualitéit verbessert.

RTL

De Sänger, Schauspiller, Regisseur an Auteur Fons Kontz huet de gréissten Deel vu sengem Liewen zu Monnerech gewunnt. Gebuer ass de Fons Kontz den 18. September 1944, 8 Deeg nodeems Lëtzebuerg vun der däitscher Besatzung befreit ginn ass. Ier de Fons Kontz zu engem Multi-Theatertalent gëtt, huet hien an de 1960er Joren als Elektrofachmann op der Arbed geschafft.

RTL

Ma d'Musek huet hien awer deemools scho begleet. Hie war zu Esch, an der Stad an zu Wien am Musek-Conservatoire an huet souguer als Bass an der Würzburger Oper geschafft, wou hie meeschtens a Musicallen opgetrueden ass. 1978 huet de Fons Kontz d'Theatergrupp "Monnerecher Bounesäck" gegrënnt, wou hien och als Regisseur aktiv war. Doniewent war hie Member beim Ensembel Lëtzebuerger Theater, och "Les compagnons de la scène" genannt. An de Fons Kontz war all Joer als Sänger a Schauspiller fir d'Revue op der Bün. Onvergiess bleift hie bis haut als groussen Hexemeeschter.

Ënnert dem Pseudonym "Kof" huet hien och als Auteur, niewent dem Pir Kremer, Pol Pütz, Josy Christen an Norbert Weber, vun 1983 u Revuë selwer geschriwwen an inzenéiert.

2002 koum eng nei Leidenschaft dobäi, nämlech déi vum Sculptéieren. Zënter deem huet hie seng Aarbechten am Eisen ausgestallt a verkaf.

RTL

Eng vu senge leschte groussen Inzenéierunge war säi Musical "Esch op Honnert". 2006 huet de Fons Kontz mat deem Stéck seng Léift zu der Stad Esch ausgedréckt, déi Stad an där hien opgewuess ass. D'Mënschen an den Escher Charakter - dat war dat wat de Fons Kontz un der Minettstad faszinéiert huet.

2015 ass de Fons Kontz am Alter vun 71 Joer verstuerwen. Iwwer Joerzéngten huet hien d'Kulturliewen hei am Land mat gepräägt. An domat huet de Fons Kontz e Stéck Lëtzebuerger Theatergeschicht geschriwwen.