Am Kader vun Esch 2022 kucke mir all Mount op Perséinlechkeeten aus de Südgemengen an erzielen hir Liewensgeschichten.

1963 bréngt déi amerikanesch Feministin a Publizistin Betty Friedan hiert Bestseller-Buch “The Feminine Mystique” eraus. Am Buch kritiséiert d’Betty Friedan d’Roll vun der Fra als Mamm an Hausfra: E Fraebild dat staark an der Gesellschaft verwuerzelt ass. Iwwer 3 Millioune Mol ass der Betty Friedan hiert Buch, bis zu hirem Doud 2006, verkaaft ginn. D’Buch an d’68er Beweegung hunn ënner anerem dozou bäigedroen aus der Fraenemanzipatioun eng Massebeweegung ze maachen. Eng Lëtzebuergerin, déi sech national an international fir d’Rechter vun de Fraen agesat huet, war d’LSAP Politikerin Lydie Schmit.

RTL

D’Lydie Schmit ass 1939 zu Esch op d’Welt komm an ass zu Schëffleng an enger Aarbechterfamill opgewuess. Hire Papp huet op der Arbed geschafft an hir Mamm war Hausfra. D’Lydie Schmit war en immens fläissegt, virwëlzegt  a selbstbewosst Kand an huet ouni Probleemer d'Primärschoul an duerno de Lycée ofgeschloss. Eng Zäit op déi si sech souguer 1970 an hirer Dokterthees referéiert: Als Aarbechterkand wier si gewinnt gewiescht, zënter der Primärschoul, op sech selwer ugewisen ze sinn.

Mat 23 Joer huet d’Lydie Schmit sech verloobt an zäitgläich geet si 1962 op Dijon an Heidelberg Geschicht studéieren. Ma kuerz virun der Hochzäit léist si hir Verlobung op, aus Angscht hir Autonomie ze verléieren. An och hire Studium brécht si of - Haaptgrond ware finanziell Probleemer. Ma awer och d’Universitéitsstudie solle beim Aarbechterkand eng intellektuell Kris ausgeléist hunn.

RTL

1966 hëlt si hire Studium erëm op. Duerch hir Dokteraarbecht, wou et ëm d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Aarbechtergewerkschafte geet, krut si Kontakt mat der Aarbechterpartei: der LSAP. 1974 gouf d’Lydie Schmit europawäit déi éischt Parteipresidentin a war och kuerz Zäit an der Chamber.

Ufank 1984 koum d'Diagnos Kriibs. Trotz hirer Krankheet kandidéiert si fir d’Europawalen. Kuerz no hirer schwéierer Longenoperatioun, fänkt der Lydie Schmit hiert neit Kapitel als europäesch Deputéiert un. D’Lydie Schmit wollt awer deemools keng Chemotherapie maachen, wat fir vill Leit onverständlech war.

RTL

Duerch hiert europäescht Mandat an hir Positioun bei der sozialistescher Fraueninternationale ass d’Lydie Schmit vill uechtert d’Welt gereest. No an no zitt si sech aus der nationaler Politik zréck a konzentréiert sech ëmmer méi op international Fraen- a Friddenspolitik.

Hir lescht grouss Rees mécht d’Lydie Schmit am November 1987. De 7. Abrëll 1988 ass si am Alter vun nëmmen 49 Joer un hirer schwéierer Krankheet verstuerwen.

D’Lydie Schmit huet fir “Méi Sozialismus” gekämpft: besonnesch fir d’Gläichberechtegung vun der Fra an de sozialen Engagement. E Sozialismus, dee keng Floskel war, mee deen si mat Läif a Séil gelieft huet. D’Lydie Schmit huet probéiert eng besser Gesellschaft ze schafen an huet deenen eng Stëmm ginn, déi se gebraucht hunn.