E Samschdeg ass den Optakt vun der Juegdsaison an de Bëscher an op de Felder.

Dës Period, déi bis zum Enn vum Januar dauert, bréngt natierlech mat sech, datt méi Wëld wéi soss plëtzlech iwwer d'Stroosse ka lafen an domat eng akut Gefor vun Accidenter a Kollisioune besteet.
 
D'Federatioun vun de Jeeër an d'Sécurité Routière ruffen d'Automobilisten op, besonnesch laanscht Bëscher a Felder op d'Vitess opzepassen an all Abléck dermat ze rechnen, datt en Déier iwwert d'Strooss leeft.

Dësen Appell adresséiert sech natierlech och u Cyclisten a Foussgänger, absënns wa Warnschëlder op eng Klappjuegd hiweisen.
 
D'Chauffere gi gefrot d'urgence ofzebremsen, wann en Déier iwwert d'Strooss leeft, mee net ze probéieren, dem Wëld auszewäichen. Wann een awer en Déier ze pake krut, gëllt et d'Gefier mam Sécherheetsgilet ze verloossen, de Warndräieck ze placéieren an d'Police ze ruffen. D'blesséiert Déier soll a kengem Fall ugepaakt oder deplacéiert ginn.
 
D'Datumer vun den Klappjuegten sinn iwwerdeems um Geoportail affichéiert.

Aktuell zielt d'Federatioun vun de Jeeër eng 2.100 Memberen.