Iwwer aacht Ecke stelle mir Iech de Lëtzebuerger Fotograf Jacques Marie Bellwald vir.

Hie war e Multitalent. De Jacques Marie Bellwald huet nieft senge fotografesche Wierker 1896 zu Iechternach déi éischt beweegt Biller gewisen. E Pionéiermoment, deen an d'Geschicht vu Lëtzebuerg agaangen ass.