Dës Woch ass d'Percussionistin Louisa Marxen Invitée an der Artbox.

Louisa Marxen ass vun der Formatioun hir Perkussionistin. Hir grouss Léift ass awer déi zäitgenëssesch Musek. D’Musekerin lieft a schafft zu Basel an der Schwäiz, wou si virun an hirem Proufsall, engem ale Bunker, erëmexperimentéiert. Alles kann als Museks-Instrument ëmfunktionéiert ginn, vum Holzstéck bis hin zum Staubsauger.

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.