En Donneschdeg den Owend hunn d'Paulette Lenert, d'Nora Back an den Dr Gérard Schockmel iwwer de CovidCheck geschwat.

D'Leit sinn d'Pandemie sat a gereizt. Ass d'Gesellschaft am gaangen, sech ze splécken a wéi kann een iwwerhaapt nach richteg kommunizéieren an objektiv informéieren? Ënnert anerem dat ware Froen en Donneschdeg am Kloertext.

D'Uspanung wier an der Gesellschaft ze spieren, do waren déi 3 Invitéeë sech eens. Fir d'Presidentin vum OGBL Nora Back hätt sech dat verstäerkt mat den Diskussiounen iwwert de CovidCheck an de Betriber.

"Domat gëtt déi extrem Haltung vun de Leit gefërdert. Een, dee sech Gedanke gemaach huet an elo gezwonge gëtt, sech ze impfen, dee riskéiert, éischter Géigereaktiounen ze weisen an zu engem Impfgéigner ze ginn."

Den Toun bei de Leit hätt sech iwwert dat lescht Joer kloer geännert, seet och d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Wat d'Kommunikatioun ugeet, wier dat einfach e groussen Challenge.

"Well d'Pandemie selwer immens vill Ongewëssheet a sech biergt. Mir wëssen net, wéini et eriwwer ass an et kommen ëmmer nei Erkenntnisser. Do ass et schwéier, eng gutt Kommunikatioun opzebauen."

Den Dr. Gérard Schockmel, Infektiolog bei den Hôpitaux Robert Schuman no wier et besser, eng Trennung tëscht Politik a Wëssenschaft ze hunn.

"A wa wëssenschaftlech a medezinesch Informatiounen tatsächlech vun deene Leit dem Public presentéiert ginn, déi sech doran auskennen."

Der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no dierft een an der Diskussioun ëm de CovidCheck net vergiessen, datt de Summer iwwer gratis Schnelltester gestallt goufen, wat a villen anere Länner net de Fall gewiescht wier. Et wier een de Leit domat extrem entgéintkomm. Mam neie Gesetz géif een e liichten Drock maachen, ma zum Beispill a Frankräich hätt ee gesinn, datt dat wierkt.

"Eleng zanter der Annonce vum 8. ass et och hei eropgaangen, dofir gi mer dovun aus, datt et ee vun de Moyenen ass. Et ass keen, deen et gär mécht, mee et schéngt ze wierken."

Dat wollt d’Presidentin vum OGBL Nora Back awer net sou stoe loossen.

"Dat ass dach kee liichten Drock, wann ech engem domat menacéieren, seng Aarbechtsplaz ze verléieren. Domat riskéiere ganz Existenzen, op d'Spill gesat ze ginn. Dat ass fir mech net moderat, dat ass eng indirekt Impfflicht."

Den Test wier weider eng Alternativ huet d'Ministesch betount, och wann deen natierlech säi Präis hätt. Mee mam Wanter, dee virun der Dier steet, wier een an enger Urgence.

Eis Invitéë waren:

Paulette Lenert
Gesondheetsministesch

Nora Back
Presidentin OGBL

Gérard Schockmel
Infektiolog HRS 

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)