Schwaarz -Blo huet séier geschafft. Et ka lassgoen - déi al hunn d'Büroe geraumt, vun den Neien ass jidderee vereedegt, Ministere wéi och Deputéiert.

Am Kloertext op der Tëlee goung et en Donneschdeg ëm d'Regierungserklärung vum Premier Luc Frieden an ëm déi nei schwaarz-blo Ekipp. Eng Ekipp, mat där d'Oppositioun net immens zefridden ass.

D'Ministeren hu Ressorten, déi net beienee passen, seet zum Beispill de Marc Baum vun déi Lénk an d'Taina Bofferding, d'Fraktiounspresidentin vun der LSAP, werft d'Fro op, wéi ee Minister kann zoustänneg sinn, fir Logement, Educatioun a Landesplanung.

"Et versteet éierlech gesot kee Mënsch, firwat den Tourismus zwee Ministere kritt an de Logement 1/3 Minister. Dat ass de Punkt."

Zwee vun den dräi Ressorten, déi de Claude Meisch elo huet, hätt d'CSV och gäre gehat, seet op d'mannst de Fraktiounschef Marc Spautz.

"D'Martine Hansen wollt Educatiounsminister ginn an dat war och ee vun den Haaptpunkten. Mir haten och gesot, 'mir hätte gär de Logement' a mir haten nach aner Ministère genannt, mä et kritt een a Koalitiounsverhandlungen net ëmmer déi Ministèren, déi ee wëll, och eis ass dat net gelongen. Da muss der eng absolutt Majoritéit hunn, da kënnt der alleguer d'Ministère besetzen, mä anerefalls muss der mat de Kolleegen diskutéieren, wéi d'Ministèren opgedeelt ginn."

D'Cheffin vun deene Gréngen an der Chamber, d'Sam Tanson bedauert, wéi déi nei Regierung mam Ressort Kultur ëmgeet, ugefaangen beim Choix vum Minister.

"Et huet wierklech gewierkt, wéi wann nach een aus dem Norden gebraucht gi wier an d'Kultur nach iwwereg war. Dat fannen ech einfach fir déi Wichtegkeet vun der Kulturpolitik hei am Land net gutt, dat gefält mer net. D'autant plus well ech mengen ze wëssen, datt den Här Thill elo net grouss bekannt ass am Secteur, mä ech ginn him och seng Chance, fir sech ze beweisen an ze weisen, wat e wëll maachen. Ech gesinn awer, wa mer vun den Inhalter schwätzen, dass deen Deel am Koalitiounsaccord extrem ambitiounslos ass."

D'Taina Bofferding ass mat der Yuriko Backes als Nofollgerin am fréiere Chancëgläichheetsministère däitlech méi zefridden. E Ministère, deen an den Ae vun der ADR iwwerflësseg ass, de Fred Keup.

"Jo ech mengen, mir hätten dee kënnen ofschafen, well ech mengen, datt a Lëtzebuerg Fraen an Tëschenzäit jo souguer méi verdénge wéi Männer an ech mengen, datt déi Gläichberechtegung do ass." Seet de Fraktiounspresident vun der ADR, deen et Zitat "flott" fënnt, och elo eng Fra an der Fraktioun ze hunn.

Resumé Kloertext / Reportage Dany Rasqué

D'Invitéeën am Kloertext

  • Taina Bofferding, Fraktiounscheffin LSAP
  • Sam Tanson Presidentin vun déi Gréng
  • Sven Clement President vun de Piraten
  • Marc Baum President vun déi Lenk
  • Fred Keup Fraktiounschef ADR
  • Gilles Baum Fraktiounschef DP
  • Marc Spautz Fraktiounschef CSV

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.