Virun den Debatten e Mëttwoch um Krautmaart hunn en Dënschdeg den Owend ëm 20 Auer scho Vertrieder vun de 7 Parteie live am "Kloertext" geschwat.

"Politik ass gestalten, net just verwalten", sot de Luc Frieden a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun, déi mat 3 Wierder iwwerschriwwe war.

"Einfach, besser, modern"

De Premier huet sech op eng Partie Theme konzentréiert, woubäi de Roude Fuedem dee vu méi Effikassitéit a manner bürokrateschem Opwand war. Guichet social unique, Once only, Silence vaut accord oder och en eenheetlecht Bautereglement sollen hëllefen, "Schluss ze maache mam administrativen Dschungel".

Zil wier, dass et de Leit nees besser geet, an dass sech vill méi Buierger eng Wunneng kënne leeschten. Ausserdeem sollen d'Betriber méi kompetitiv ginn, fir esou d'Aarbechtsplazen an de Wuesstem ofzesécheren.

Dës Regierung wéilt op alle Pläng nei Weeër goen, dës Ried wier e Lagebericht um Ufank vun enger Amtszäit an en Ausbléck op déi nächst Méint, sou de Luc Frieden, hie géing sech op d’Debatten doriwwer freeën.

D'Regierungsparteien an d'Oppositioun si sech no der Ried zur Lag vun der Natioun ni eens. Déi eng sinn um Enn ëmmer zefridden, déi aner net. No där éischter Deklaratioun vum Premier Luc Frieden ass dat dann och net anescht.

Am Kloertext Spezial op der Tëlee haten déi 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, en Dënschdeg den Owend schonn d'Geleeënheet, fir ze diskutéieren. D'Oppositiounsparteie si sech eens, datt an der Ried eppes gefeelt huet. 
 
Allerdéngs ginn d'Meenungen ausernee wat gefeelt huet.  Der ADR zum Beispill war d'Ried net modern genuch, wéi de Fred Keup sot: "Do hätt ee sech bësse méi Punch kënnen erwaarden, bësse méi Motivatioun, fir wierklech d'Problemer unzeschwätzen an d'Léisunge méi konkret no vir ze bréngen. Dat war hei net de Fall. Et war bëssen, wéi hat een an der Chamber gesot, et war bësse langweileg."

Aneren Oppositiounsparteien hu politesch Prioritéite gefeelt. De Reproche wéi e Manager geschwat ze hunn, muss de Luc Frieden sech awer net gefale loossen, op d'mannst net vum Sven Clement vun de Piraten: "Ech hat hei net d'Gefill, datt hei e CEO geschwat huet, well en huet keng strategesch Visioun presentéiert. Ech hunn och net d'Gefill gehat, datt e Politiker geschwat huet. Ech hat d'Gefill, datt hei e klenge Comptabel vun enger décker Firma geschwat huet, well en huet eenzel Mesuren opgezielt, ouni an den Detail ze goen an ech hunn nach ëmmer bëssen Angscht, datt eis dat eppes kascht, wat mer nach net kënnen iwwerblécken."

Fir d'Sam Tanson vun déi Gréng ass kloer, datt verschidde Moossnamen Mol virun allem d'Leit eppes kaschten, an datt eenzel Annonce méi schéin duergestallt goufen, wéi se sinn: "Den Energiedeckel zum Beispill gëtt weidergefouert...Nee! Den Energiedeckel gëtt ofgeschaaft an et bleift just e ganz klengen Deel. Um Enn mussen d'Leit vum éischte Januar 25 u méi bezuelen, mat alle Konsequenzen, déi dat huet."

Ënnert anerem d'Taina Bofferding vun der LSAP an de Marc Baum vun déi Lénk hu kritiséiert, datt een no den Annoncen iwwert déi administrativ Vereinfachung d'Gefill hätt, datt déi d'Léisung fir all d'Problemer soll sinn, ma dat géif net stëmmen.Dat wier net eescht ze huelen, esou de Marc Baum.

D'Regierung krut och reprochéiert, datt d'Mesuren am Logement notamment de Promoteure géifen zegutt kommen. Dat huet de Gilles Baum vun der DP verdeedegt. De Staat géif eleng net genuch gebaut kréien an dernieft bréicht et och elo e bësse Gedold: "Gitt eis och emol eng Chance! (...)"

Och de Marc Spautz vun der CSV huet en Appell gemaach, ofzewaarden an net direkt alles ze zerrieden.

E Mëttwoch gëtt de ganzen Dag um Krautmaart iwwert dem Premier seng Ried diskutéiert. D'Debatte fänken um 9 Auer un. Virdru passéiert awer schonn d'Taina Bofferding vun der LSAP bei eis am Studio. Si ass um 10 op 8 eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Invitéeë waren

Marc Spautz, CSV

Gilles Baum, DP

Taina Bofferdeng, LSAP

Fred Keup, adr

Sam Tanson, déi gréng

Sven Clement, Piraten

Marc Baum, Déi Lénk