Am Kloertext gouf diskutéiert, ob d'Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.

Wat soll oder muss d'Schoul de Kanner a Jonke bäibréngen? Ënnert anerem ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.
 
Hannergrond sinn déi zwou Petitiounen iwwert LGBT-Themen, iwwert déi de Summer iwwer vill diskutéiert gouf an déi allebéid ronn 10.000 Ënnerschrëfte kruten.
 
An der Schoul soll a muss opgekläert ginn, mä dat dierf net eesäiteg sinn. Där Meenung ass de fréiere Journalist beim Lëtzebuerger Wort Josy Lorent, deen déi éischt Petitioun ënnerschriwwen huet, also déi déi fuerdert, datt an der Schoul net iwwer LGBT geschwat gëtt.

"Ech hu se ënnerschriwwen, well ech fäerten, dass dat do en éischten Usaz ass, fir d'Schoul ze verpolitiséieren. Et ass nämlech esou, et geet ëm eng Saach, jo dat ass richteg, mä et geet awer och dorëms, datt den Unterrecht an de Schoulen net méi neutral ass an datt d'Eltere geschwë ganz ausgeschloss gi vun allem."

D'Diskussioun gouf an der Gesellschaft ganz emotional gefouert, ma d'Kanner sinn do anescht. "Si stelle Froen", seet d'Fabienne Michaux, déi an d'Schoule Sexualopklärung maache geet. D'Kanner wéilten einfach wëssen, ob zwou Fraen e Kand kënne kréien oder firwat aus der Cousine op eemol e Cousin ginn ass.

"Dat heescht, d'Kanner, déi froen einfach, wat dat ass oder se zielen aus hirem Liewen an dat ass ganz onspektakulär. Si hannerfroen eppes oder ech hannerfroen eppes, wat si soen, an da kläre mer Fakten an dann ass dat ofgehaakt. Da wësse se 'et gëtt där an et gëtt där Mënschen'. Dat heescht jo net, datt mer géife soen, mir leeën Iech lauter Buschtawen heihinner, sicht Iech een eraus a kuckt, datt dat äre Liewenswee gëtt. Ech ka jo kee forcéiere schwul, lesbesch oder wat och ëmmer ze ginn."

Den Alain Massen ass President vun der nationaler Elterevereenegung a Psychotherapeut. A sengen Ae muss een an der Schoul all Sujet kënnen uschwätzen.

"Et muss een awer oppassen, dass een d'Eltere mat an d'Boot hëlt an dass een déi Themen op eng Aart a Weis uschwätzt, wou d'Kanner net méi duerchernee kommen, mä wou se Fakten a Verständnis kréien an dozou bruecht ginn, datt se sech hir eege Meenung kënne maachen."

Invitée am Kloertext war och d'Direktesch vum LTPES. Si hat bei der Diplomiwwerreechung déi zukünfteg Educatricen an Educateure virum Rietsruck a Faschismus gewarnt a si opgefuerdert, d'Demokratie ze verdeedegen. Doropshin war d'Claudine Muller vill kritiséiert ginn an hat virgehäit kritt, géint hir Neutralitéitsflicht verstouss ze hunn. Si krut an Tëschenzäit de Réck vum Educatiounsminister gestäipt a seet, hir Riede wieren duerchaus am Aklang mat der Verfassung a mat de Flichten, déi een als Enseignant an als Beamten huet.

"Ech muss och soen, datt et zënter dem zweete Weltkrich eng Normalitéit am Land war, fir sech géint de Faschismus ze positionéieren an datt ech den Androck hunn, datt zum Deel do lo sollen d'Normalitéite verréckelt ginn. Et muss een eigentlech de Constat maachen, datt dat leider och u Methoden aus den 1930er Joren erënnert fir Angscht ze maachen."

Den Dany Semedo ass President vun der CNEL, der nationaler Schülerkonferenz. Fir hien ass et wichteg, datt d'Schoul keng Welt fir sech ass an datt se de Kanner a Jonken Wäerter mat op de Wee gëtt. Stéchwuert Respekt vun de Mënscherechter, Toleranz, Inclusioun a kritescht Denken. Donieft géifen Doheem och Saache gezielt ginn, déi falsch wieren.

"Et gi ganz vill Kanner, Schüler, déi an d'Klass komme mat homophoben, rassistesch oder sexistesche Gedanken, déi vun Doheem aus kommen a grad an der Schoul ass et da wichteg, iwwert déi Saachen ze schwätzen, well d'Elteren hunn net ëmmer Recht."

Genee aus deem Grond, seet de President vun der nationaler Schülerkonferenz, wier et wichteg, datt d'Schoul eng Plaz ass, wou iwwer alles oppe ka geschwat ginn.

D'Invitéeë sinn

Claudine Muller

Direktesch LTPES (Educateursschoul)
Ass wéinst enger Ried kritiséiert ginn

Alain Massen

President National Elterevertriedung
Psychotherapeut

Fabienne Michaux
Schoul-Hiewan a Sexualpedagogin
Geet an d'Schoule Sexualopklärung maachen

Dany Semedo

President National Schülerkonferenz CNEL
Studéiert Sozialwëssenschaften

Josy Lorent

Fréiere Journalist beim Lëtzebuerger Wort
Huet d'Petitioun géint LGBT-Theemen ënnerschriwwen