Op der PompelHausse vun iwwer 5 Cent beim Diesel a Masutt

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch um Hallefnuecht u kaschten den Diesel an de Masutt nees e puer Cent de Liter méi.
© Domingos Oliveira

Nodeem de 95er (1,758 Euro de Liter) an den 98er (1,858 Euro de Liter) schonn déi leschten Nuecht geklomme sinn, wäerten den Diesel an de Masutt vun de Mëttwoch u méi deier sinn. Fir den Diesel ass et eng Hausse vun 5,2 Cent, esou datt een hei elo fir de Liter 2,057 Euro wäert bezuelen. De Masutt gëtt 5,3 Cent méi deier an hei bezilt een de Liter elo 1,517 Euro.

Mat dëser Hausse si mer net méi esou wäit vun de Rekordpräisser vum Diesel a Masutt ewech. Den 10. Mäerz 2022 nämlech huet ee fir ee Liter Diesel 2,112 Euro bezuelt an de Masutt war deemools mat 1,553 Euro de Liter verkaf ginn. Esou ass et op d’mannst um Site vu Petrol.lu ze liesen.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO