De Gérard Valerius an de Perol
Virun 10 Joer hat de Gérard Valerius e schwéiert Akzident an Thailand. Am zweeten Deel erënnere mer mam Roland Peusch u seng Zäit als Zauberer Perol.
De Portrait: Gérard Valerius
Thailand ass e Land, dat e sëllege Leit op der ganzer Welt verzaubert, eng gréng Natur, wonnerschéi Stränn an Erhuelung pur. Dausende vun Touristen zitt et all Joer dohinner. Dass awer esou eng Dramdestinatioun och ka ganz séier zu engem Albdram ginn, dat huet de Gérard Valerius, fréiere Wiert an haut Galerist a Chroniqueur op RTL, missten erliewen.

Bei engem Akzident mat engem Speedboot gouf hie ganz schwéier verwonnt, an huet nach missten op der Plaz Éischt Hëllef kréien, ier hien erëm zeréck konnt an ee Spidol transferéiert ginn. Deemools houng säi Liewen un engem seidene Fuedem. Haut, 10 Joer duerno, bleift dee schlëmme Souvenir nach ëmmer present.
Wat ass ginn aus dem... Perol?
Bal 60 Joer laang huet hie Saachen oder Persoune verschwanne gelooss, mat der „Guillotine“ geschafft an Tricker gemaach, déi op Eventer an souguer op der Tëlee gewise goufen. Als Zauberkënschtler huet de Perol virun 20, 30 oder 40 Joer Grouss a Kleng begeeschtert. Haut allerdéngs ass de Roland Peusch, Papp a Grousspapp, an der Pensioun.

Zaubere fir de grousse Publikum mécht hien haut net méi, just nach heiansdo fir seng Enkelkanner. Och wann hie seng Zauberkarriär un de Nol gehaangen huet, denkt hien dach gären zréck. Virun allem un déi Zäit, wou seng Fra nach seng Assistentin war.
Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé. Sämtlech Emissioune fannt Dir zu all Moment am RTL Play.