
Betraff war de sougenannten "Nordic Tower", e Karussell aus Klunschen, dat 80 Meter an d'Luucht geet a sech am Krees dréint. Amplaz wärend e puer Minutten e puer Tier a lëfteger Héicht ze dréien an nees sécher um Buedem ze landen, sinn d'Leit op 25 Meter einfach mol stoe respektiv hänke bliwwen. Eng Zeien huet ausgesot, et hätt op eemol haart geklaakt an du wier et net méi weidergaangen. Eng defekt Brems wier éischten Informatiounen no Schold gewiescht, dass d'Kette sech net méi beweegt hunn. Géint 22:20 Auer goufen d'Pompjeeë geruff.
45 Secouriste goufen op d'Plaz geschéckt, dorënner och Pompjeeën, déi fir Asätz a grousser Héicht spezialiséiert sinn. Zesumme mam Bedreiwer goung et bannen duerch den Tuerm fir d'éischt emol bei d'Fuergäscht erop, fir si ze berouegen a wann néideg ze versuergen. Medezinesch Hëllef hätt kee gebraucht, wéi et weider heescht, ma et wiere waarm Decke verdeelt ginn. Am Uschloss gouf gekuckt, de Feeler ze behiewen, wat no annerhallwer Stonn och gelongen ass. An hire Sëtzer koumen déi 23 Persounen nees gemittlech erof op de Buedem. En techneschen Iwwerwaachungsveräin iwwerpréift elo, wéi et zu der Pann komme konnt.