Episod 1: Grillwurscht
Déi nei Grillwurscht vun der Marque Nationale, op eng onerwaarte Manéier. De Ben Péporté weess wéi!
All Woch ginn et vum Ben Péporté originell Iddien fir am Summer vum Barbecue ze profitéieren. Haut gëtt et eng Grillwurscht am Deeg.
An am beschte schmaacht säi Rezept natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.
Grillwurscht am Bliederdeeg
(vum Ben Péporté)Fir 4 Leit
Ingredienten:
- 4 Grillwurschte vun der Marque Nationale
- 2 Päck Bliederdeeg vun 250g
- 2 Eegiel
- 8 Tranche Kéis, Emmental oder Leerdamer
- Ketchup
- Currypudder
Rezept:
De Bliederdeeg a 4 Tranche schneiden. All Tranche mat Ketchup besträichen, sou laang a sou breet wéi eng Wurscht. Mat Curry bestreeën, 2 Tranche Kéis drop leeën an um Enn eng Wurscht. Den Deeg rullen an d'Enner gutt fest drécken, fir dass kee Kéis ausleeft. Mat Eegiel besträichen.
Déi 4 Rullen op Sëlwerpabeier leeën an op indirekter Hëtzt bei 180 Grad ongeféier 20 Minutte grillen. A kleng Tranche schneiden an zerwéieren.
Gudden Appetit!