Episod 1/2018: Momo
De Ben Péporté kacht eis Nepalesech Momoen mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale
An der Serie Wanterkichen weist de Ben Péporté dëst Joer seng Liiblingsplate mat Schwéngsgehacktem. Dobäi kombinéiert hien d’Schwéngefleesch vun der Marque Nationale mat internationale Goûten, vu Skandinavesch iwwert mediteran bis hin zu asiatesch.
Nepalesech Momoen mat Schwéngsgehacktem vun der Marque Nationale
(Rezept vum Ben Péporté)
Fir 10 Momoen
Ingredienten:
Fir den Deeg:
200 g Miel type 45
120 ml wootlecht Waasser
2 g gedréchent Hief
1 IL Zocker
Fir d’Fleeschfëllung:
150 g Schwéngsgehacktes
2 Stangen Zitrounegras
1 Bouquet Bratzelen
1 kleng Wuezel
1 IL Fëschzooss (Nuoc-mâm)
1 IL Räisesseg
1 IL Sojazooss
1 IL Ueleg
1 TLHunneg
Peffer
Salz
Rezept:
Déi gedréchent Hief am wootleche Waasser opléisen a mam Zocker a Miel vermëschen. Sou laang kniede bis den Deeg net méi un der Hand peche bleift a wärend 1 Stonn opgoe loossen. Wuerzel, Zitrounegras a Bratzele ganz kleng schneiden an ënnert d’Schwéngsgehacktes mëschen. Soja- a Fëschzooss zesumme mam Räisesseg, Ueleg an Hunneg bei d’Fleeschfëllung ginn. Salz a Peffer dobäi an alles vermëschen. Am Beschten d’Fleeschfëllung eng Zäitche kal stelle fir dass d’Arome kënnen anzéien. Den Deeg an 10 Stecker schneiden, a Bulle formen an da platt drécken. An der Mëtt den Deeg méi Deck loossen a bausse méi dënn drécken oder rullen. En Téiläffel Fleeschfëllung op den Deeg ginn an dann den Deeg ronderëm falen. Den Deeg net ganz ronderëm d’Fleeschfëllung fest zoumaache mee eng kleng Ëffnung uewe loossen, ewéi en Kamäin. D’Momoe wärend 15 Minutten am Donst kachen.
Gudden Appetit