De Ben Péporté kacht zesumme mam Kach Roland Gaul, aus dem Restaurant Brideler Stuff, Schwéngsrëppercher.

An der drëtter Episod vun der Summerkichen kritt den Ben Péporté eng nei Variant vun den Schwéngsrëppercher gewisen. An der Brideler Stuff preparéiert hien zesummen mam sous-chef Roland Gaul eng Gewierzmëschung an Marinade voller Lëtzebuerger Goûter, mat Riesling, Moschter a Bounekraitchen.

Schwéngsrëppercher mat enger Lëtzebuerger Marinade

(Rezept vum Steve Pfeiffer, Restaurant Brideler Stuff)

Gewiirzmëschung:

4 Säiten Schwéngsrëppercher
1 Zoppeläffel Salz
1 Zoppeläffel Paprika
1 Zoppeläffel Bounekraidchen
4 Zoppeläffel Cassonade
½  Zoppeläffel Cayennepeffer

Gewierzmëschung direkt op d’Rëppercher ginn an wärend 1 Stonn am Frigo zéien loossen.

Marinade:

250 ml Riesling
3 Zoppeläffel Esseg
2 Zoppeläffel Moschtert
4 Zoppeläffel Hunneg
4 Lorberblieder
4 Knueweleckszéiwen
1 Ënn
1 Bott Péiterséileg

Am Brotschlauch 2 ½ Stonnen bei 100° an duerno 1 Stonn bei 130° goe loossen.

Gudden Appetit