De Lyoner vun der Marque Nationale, och fit fir um Grill. De Ben Péporté weess wéi!

All Woch ginn et vum Ben Péporté originell Iddien fir am Summer vum Barbecue ze profitéieren. Haut gëtt et eng Lyoner Brochette.

An am beschte schmaacht säi Rezept natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.

Lyoner Brochette

(vum Ben Péporté)

Fir 4 Brochetten

Ingredienten:

  • 1 Kranz Lyoner
  • 1 Courgette
  • 200gr Emmentaler
  • 1 Ënn
  • 1 kleng Këscht Tomates Cerises
  • 4 Spiissecher

Rezept:

De Kranz Lyoner schielen an a kleng Dalere schneiden. Dat selwecht mat der Courgette maachen. Duerno d’Ënn schielen an a 4 Stécker schneiden fir uschléissend déi eenzel Schichten erofzehuelen.

De Spiiss huelen, eng Tomat, eng Scheif Lyoner, eng Scheif Courgette, e bëssen Ënn, dann erëm eng Scheif Courgette, eng Scheif Kéis, eng Scheif Lyoner drastiechen... et kann een et eigentlech sou maachen wéi een et wëll.

D’Lyoner Brochette op de Grill "stellen" (fir datt de Kéis net an de Grill leeft mä sech gutt verdeelt) a bei klenger Flam 3 – 5 Minutten zéie loossen.

Entweder kann een d’Brochette direkt sou iessen oder op engem Bréitchen.

Gudden Appetit!