De Collet vun der Marque Nationale, ficeléiert an um Grill préparéiert. De Ben Péporté weist Iech wéi et geet!

All Woch ginn et vum Ben Péporté originell Iddien fir am Summer vum Barbecue ze profitéieren. Haut gëtt et e ficeléierte Collet.

An am beschte schmaacht säi Rezept natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.

Ficeléierte Collet

(vum Ben Péporté)

Fir 4 Persounen

Ingredienten:

  • 1 Ficeléierte Schwéngscollet (+- 750 gr)
  • Moschter
  • 1 déck sauer Cornichon
  • 1 Ënn

Rezept:

De Collet huelen an an der Mëtt ausernee schneiden sou datt een en herno oprulle kann. Duerno gëtt de Collet mat Moschter ageriwwen.

D’Ënn gëtt längs geschnidden fir datt d’Ënn besser um Collet herno leie bleift wann e gerullt gëtt.

D’Cornichon a Lamelle schneiden an op de Collet leeën. Duerno de Collet rullen a ficeléieren (wéi et geet fannt Dir hei am Video).

De gerulltene Collet gëtt dann op de Grill a mat regelméissege dréinen fir eng 45 Minutte bei +- 140 °C goe gelooss.

Am Beschten schmaacht de ficeléierte Collet mat gudde gebootschtene Gromperen.

Gudden Appetit!