Episod 4: Gefëllte Kassler
De Kassler vun der Marque Nationale, originell um Grill préparéiert. De Ben Péporté weist Iech wéi et geet!
All Woch ginn et vum Ben Péporté originell Iddien fir am Summer vum Barbecue ze profitéieren. Haut gëtt et e gefëlltene Kassler
An am beschte schmaacht säi Rezept natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.
Gefëllte Kassler
(vum Ben Péporté)Fir 4 Persounen
Ingredienten:
- 1 Stéck Kassler (+- 800gr) (kritt e scho fäerdeg beim Metzler)
- 1 gutt Tranche Kéiss (+- 200gr)
- 2 réi Spargelen
- 1 Poivron
Rezept:
Fir unzefänken hëllt een de Kassler an e pickt een en mat engem Messer duerch bis op déi aner Säit. Dobäi soll een d’Messer dréinen fir datt e Lach entsteet. Am beschte mécht een e puer Lächer am Krees ronderëm de Kassler an eent an der Mëtt.
Wann dat gemat ass, hëllt een déi geschielte réi Spargelen an et dréckt een déi duerch de Kassler. De Wutz vun der Spargel schneid een of an et hëllt een dat Stéck fir an en anert Lach ze stiechen.
De Poivron gëtt a Lamelle geschnidden, déi ginn dann och duerch de Kassler gestach.
De Kéiss gëtt a méi déck Lamelle geschidden an an dat mëttelst Lach gestach.
D'Stéck ass elo gefëllt a fäerdeg fir op de Grill.
De Kassler gëtt den héije Wee op de Grill gestallt a fir ongeféier eng ¾ Stonn bei 160°C zéie gelooss.
De Kassler gëtt uschléissend an Tranche geschnidden a mat enger frëscher Äerbier – Ananas – Tomaten-Zalot zervéiert.
Gudden Appetit!