De Schwéngsmignon vun der Marque Nationale, originell um Grill préparéiert. De Ben Péporté weist Iech wéi et geet!

All Woch ginn et vum Ben Péporté originell Iddien fir am Summer vum Barbecue ze profitéieren. Haut gëtt et e Schwéngsmignon am Pizzadeeg.

An am beschte schmaacht säi Rezept natierlech mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.

Schwéngsmignon am Pizzadeeg mat Grogonzola a Speck

(vum Ben Péporté)

Fir 4 Persounen

Ingredienten:

  • 1 Schwéngsmignon (+- 750gr)
  • 1 Stéck Gorgonzola
  • 8 dënn Tranchë Speck
  • 1 gerullte Pizzadeeg

Rezept:

Fir unzefänken muss de Mignon um Grill ugebrode ginn.

Während dem, hëlt een de Pizzadeeg a leet en flach op e Briet. De Speck an der Mëtt vum Deeg flechten, d.h. et leet ee fir d’éischt 4 Tranchë Speck de laange Wee op den Deeg, duerno hëllt een déi aner 4 Tranchen an déi leet een de breede Wee dann drop. Do soll awer de Speck opgedeelt ginn, nämlech eng Tranche iwwert de Speck an uschléissend nees drënner, sou datt et e geflechte Véiereck gëtt.

De Gorgonzola huelen an deen um Speck verdeelen.

Wann de Mignon dann ugebroden ass, hëllt een en direkt eriwwer.

Do wéckelt een de Mignon fir d’éischt ouni den Deeg mam Speck an, duerno da mam Deeg. D’Säite vum Deeg muss ee fest zoudrécken fir datt de Kéis net erausleeft.

Duerno leet een de Schwéngsmignon an dat iewescht Fach vum Grill wou en da gutt 35 Minutte bei 170°C bake gelooss gëtt.

Gudden Appetit!