Episod 2/2018: De Ben op Besuch am Restaurant Béierhaascht
De Ben Péporté kacht zesumme mam Kach Philippe Guillaume, aus dem Restaurant Béierhaascht, Judd mat Gaardebounen.
Schrëtt fir Schrëtt gesitt der wéi et geet. Mam Schéngefleesch vun der Marque Nationale kann een och en traditionellt Lëtzebuerger Rezept ewéi de Judd mat Gaardeboune preparéieren. Ewéi een am Video gesäit ass d'Rezept net komplizéiert, et brauch een just Zäit.
Judd mat Gaardenbounen
(vum Philippe GUILLAUME, Restaurant Béierhaascht)
Ingrdienten fir 4 Leit :
- +/- 1,4 kg Judd (Collet salé et fumé)
- 200 g Wuerzelen
- 1 Ënn
- 1 Porrett
- 2 Zelleristangen
- 3 Lorberblieder
- 100 g Bounekraitchen gedréchent
- 1 kg Gaardebounen (virgekacht)
- 50 g Speck
- 50 g Botter
- +/- 150 g Miel
- 3 Knuewelekszéiwen
- 1 Zoppeläffel Bounekraitchen frësch
Rezept :
Wuerzelen, Ënn, Zelleristangen a Porrett kleng schneiden.
Judd an enger grousser Kasseroll mat Waasser bedecken an dat klenggeschniddent Geméis, Lorberblieder a gedréchentem Bounekraitchen bäiginn. De Bouillon fir +/- 1,5 Stonn kachen. Et brauch kee Salz an den Bouillon. De Judd ass genuch gekacht wann en vun der Forschett eroffält, wann een dran pickt. D’Fleesch aus dem Bouillon huelen an dësen duerch en Sift passéieren.
Fir d’Zooss vun den Gaardebounen gëtt en Roux preparéiert. Dofir Botter a Speck schmëlzen, Miel dobäiginn an mam Schnéibiesem réieren bis den Roux eng Karamellfaarw huet. D’Kasseroll vum Feier huelen an 1 Liter vum Bouillon, lues a lues ënnert réieren, bäiginn. D’Kasseroll zréck op d’Feier stellen an dat ganz zum Kachen bréngen, esou dass eng décklech Konsistenz entsteet. D’Zooss duerch en Sift ginn a gehackten Knuewelek ewéi och frëscht Bounekraitchen bäiginn. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
Gudden Appetit