"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Vum Schoulmeeschter bei de Kannertheater, de Kabaret, d'Musek an d'Literatur, de Roland Meyer ass a ville Beräicher doheem an huet Succès, wéi de Buchpräis an de Servais-Präis beweisen. Bei No Art huet hien dem Jenny Fischbach den Owend vill z'erzielen.

De Claude Neu mécht da scho virwëtzeg op d'Art Week nächst Woch an d'Annick Goerens hëlt eis zweemol mat bei Konscht am ëffentleche Raum: op Esch an op Luerenzweiler.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air