"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Hie gehéiert zu den alen Huesen am Beräich Schauspill zu Lëtzebuerg, de Jean-Paul Maes ass donieft awer och Regisseur, Auteur an artisteschen Direkter vum Kaleidoskop Theater zu Beetebuerg. Do ass hie geschwënn am Dürrenmatt-Klassiker "Der Richter und sein Henker" ze gesinn, an doriwwer geet Rieds den Owend beim Loïc Tanson.

D’Patricia Baum schwätzt awer och allgemeng iwwert d’Situatioun vun den Theateren zu Lëtzebuerg an d’Sarah Rock stellt d’Buch „Qui a tué mon père“ vum Edouard Louis vir.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air