"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 19 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Si ass Lëtzebuergerin, lieft, danzt a séngt awer schonn zënter 15 Joer zu Paräis, mä d'Magali Dahan ass och soss international mat hire Showen ënnerwee, mol op engem Croisièresschëff, mol Richtung New York, mä elo huet de Coronavirus och si an eng kreativ Paus gezwongen. Wéi se dat grad erlieft, erzielt se als Invitée bei No Art.

Mir waren awer och mam jonke Museker Chaild am Studio, op der Kollektiv-Expo Fuel Box IV um Houwald a stellen Iech d'virtuell Editioun 2020 vum Festival "Koll an Aktioun" vir.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo