"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Kënschtler Armand Strainchamps kann op eng laang Carrière zeréckkucken, dat kann een an engem fonkelneie Buch nokucken. Mä och fir hien ass den Ament alles anescht. Seng aktuell Expo an der BIL fänkt ouni grousse Vernissage un.

D’Annick Goerens stellt och e Buch vir mat de Wierker vun 60 verschiddenen Illustrateuren.

An d’Sandy Elsen huet eng jonk Choreografin begéint: D’Rihonnan Morgan.

No Art On Air presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air