"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Gei stoung schonn ëmmer am Mëttelpunkt bei der Famill Reitz, kloer datt de Chris schonn als Bouf op der klassescher gespillt huet, bis en iergendwann déi elektronesch Gei entdeckt huet. A wat ee mat där alles spillen a loope kann, erzielt a weist en als Invité haut am No Art.

D'Liz Heintz hëlt eis  mat an de MUDAM a stellt eis den analogen an digitale Projet "Me, Family" vir.

An d'Sandy Elsen war op Esch fir déi grouss kollektiv Ausstellung am Batiment 4.

No Art on Air presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Heintz
Video No Art Liz Heintz