Invité: De Kënschtler Mike Bourscheid lieft a schafft a Kanada. Aner Themen: d'Buch "Kanner o Kanner o quel bonheur" a Musek "Herr Bender featuring EdSun".

De Mike Bourscheid ass e Lëtzebuerger Kënschtler, deen zënter e puer Joer a Kanada lieft, den Ament awer wéinst  gläich zwou Ausstellungen an Europa ass. Virun 3 Joer hat hie Lëtzebuerg op der Biennale zu Venedeg vertruede. Iwwer seng Konscht bei där hie vill mat Installatioune schafft, schwätzt en am Interview.

D'Sandy Elsen stellt d'Buch "Kanner o Kanner o quel bonheur" vir an d'Liz Heintz de Musekprojet vun de Museker Jeff Herr a Maxime Bender.

No Art an Air mam Jenny Fischbach gouf am Café Gudde Wëllen opgeholl nach ier déi nei Corona-Mesuren a Kraaft getruede sinn.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Heintz
Video No Art Liz Heintz