Invité: Den CHAiLD - ausserdeem: de Prix Robert Schuman an nei Musek vun al-agesiessene Museker.

Den Adriano Lopes Da Silva war scho vu klengem u begeeschtert vun der Musek. Am Lycée ass d'Iddi komm, dorausser e Beruff ze maachen. Mat sengem Kënschtlernumm CHAiLD huet hie sech elo etabléiert a fält mat sengem Genre a sengem Outfit op. Iwwer säi Wee bis haut an dat, wat nach kënnt, schwätzt hien haut bei No Art.

De Joël Seiller huet sech d'Expo vum Prix Robert Schuman zu Saarbrécken ugekuckt ...

An de Gibbes Bertolo bréngt nei Musek vun al-agesiessene Musekgréisste mat.

No Art on Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.