Invitée: D'Fabienne Hollwege, ausserdeem d'Expo vum Julian Rosefeldt an den éischten nationale Musekspräis.

Am No ART on AIR ass d'Schauspillerin Fabienne Hollwege op Besuch. Des Kéier awer mat engem ganz anere Projet, si huet nämlech e Buch geschriwwen, mat Kuerzgeschichten, Gedichter, Zeechnungen a Collagen. D'Fabienne Hollwege séngt och selwer Lidder déi een via QR Code kann eroflueden. Den Numm vum Buch ass "To Live heißt Leben und Liebe heißt Love" an et geet ëm d'Positioun vun de Fraen an eiser Gesellschaft.

De Joël Seiller war an d’Völklinger Hütte an huet sech d’Wierker vum däitsche Kënschtler Julian Rosefeld ugekuckt. Op iwwerdimensionalen Ecrane gesäit een hei eng ganz Rëtsch vu Video-Installatiounen, déi ganz opwänneg an der Realisatioun waren.

An d’Valeria Wiwinius zielt ëppes iwwert déi alleréischt Lëtzebuerger Musekspräisser. Wien ass an de verschidde Kategorien nominéiert?

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.