
Assistenzhënn kennt ee meeschtens fir Leit, déi schlecht oder guer net gesinn. Ma speziell forméiert Hënn kënnen awer och a ganz anere Fäll hëllefräich sinn, wéi am Beispill vun Diabetes oder Häerzproblemer. Am Gesetz ass et festgehalen, dass Assistenzhënn iwwerall mat dierfen, och an d’Spidol oder an de Supermarché.
Anescht wéi aner Hausdéieren dierfen de Sunny an de Lex mat an de Supermarché eran. Dat ass och wichteg, well och hei hëllefe si mat: “Et ka mol virkommen, dass mer eppes op de Buedem fält. A well ech mech net gutt bécke kann, hëlleft hie mir dann, dat opzerafen.”
D’Marielle Rollmann huet de Lex elo schonn 3 Joer. De Labrador geet och mat hir op d’Aarbecht a kéint zum Beispill am Fall vun Ënner- oder Iwwerzocker Hëllef ruffen. Dat rischt den Hond nämlech.
De Sunny ass dem Roberto Tralci säin Hond, dat scho bal 5 Joer. Zesumme falen d’Hënn op ongewinnte Plazen natierlech op, ma et ass awer wichteg, Assistenzhënn net unzepaaken, erkläert de Roberto Tralci: “Et ass esou, dass den Hond am Moment jo schafft an dowéinst muss e sech jo op mech konzentréieren an net op aner Leit. Géing hie sech zum Beispill vu jidderengem upake loossen an et ass grad eng Geforesituatioun, da kéint et sinn, dass en eng Persoun gesäit, déi hie scho mol ugepaakt huet an hien dann dohinner leeft. Dat soll e jo awer net maachen a bei mir bleiwen.”
Dowéinst hunn Assistenzhënn och eng Kenndecken un, op där eng duerchgestrachen Hand ze gesinn ass. Am beschte wier et d’Hënn einfach z’ignoréieren. Fir op déi spezifesch Besoine vun esou Hënn opmierksam ze maachen, hunn de Roberto Tralci an d’Marielle Rollmann virun zwee Joer d’Associatioun Helping Paws gegrënnt. Doduerch wëlle si och aner Leit beroden, déi en Assistenzhond wéilten. Ausserdeem mécht d’Koppel dëst Joer den Examen, fir da selwer Assistenzhënn kënnen auszebilden.
“Et muss ee wëssen, dass dat bis zu 2 Joer kann daueren an et sollt een och wëssen, dass d’Ausbildung vun engem Assistenzhond tëscht 30.000 an 35.000 Euro kaschte kann.”
“Hei zu Lëtzebuerg geet dat och net iwwer d’Krankekeess, dat geet haaptsächlech iwwer Spenden. Do, wou eis zwee Hënn ausgebilt goufen, ass dat och iwwer Spende gaangen.”
D’Associatioun hëlt och forméiert Hënn op, falls de Besëtzer eppes geschitt. Assistenzhënn dierften nämlech op kee Fall an en Déierenasyl kommen. Assistenzhënn mussen nämlech all Dag trainéieren a gefuerdert ginn. Fir d’Marielle Rollmann an de Roberto Tralci ass et wichteg, hieren Hënn den Alldag an hir Aarbecht esou einfach wéi méi méiglech ze gestalten. Esou wéi d’Hënn och hinnen am Alldag hëllefen.
De Reportage iwwert de Sunny an de Lex gesitt Dir e Sonndeg den Owend an de Kanner-Noriichten op der Tëlee an duerno am Replay op RTL Play.