Ofstëmmung an der SchwäizWäerten Afe Mënscherechter kréien?

RTL Lëtzebuerg
Zu Basel soll driwwer ofgestëmmt ginn, ob Primaten eng Partie Grondrechter kréien. Och international ginn et Diskussiounen iwwer d'Rechter vun Déieren.

Zu Basel an der Schwäiz liewen eng 130 net-mënschlech Primaten - also Afenaarte wéi Makacken a Lemure souwéi Gorillaen an Orang-Utanen. Datt dës Primaten net déi selwecht Rechter wéi Mënschen hunn, kéint sech dëse Sonndeg allerdéngs änneren: Da gëtt nämlech an der Stad ofgestëmmt, ob Primaten verschidde Grondrechter kréie sollen.

D’Afe sollen esou d’Recht op Liewen a kierperlech a geeschteg Integritéit kréien. Doduerch géingen Déiereversich u Primaten ausgeschloss ginn, ma awer och d’Aschléifere vun den Déieren. Jee nodeems wéi ee dëst gesäit ass et eng kleng Revolutioun an der Déierewelt oder eng Katastroph. Ëmmerhi ginn et zu Basel net nëmmen zwee Déiereparken, an deenen Dosende Primate liewen. Ma mat de Firmaen “Roche” an “Novartis” och zwou vun de gréisste Pharmaentreprisen vun der Welt, déi ënnert anerem duerch d’Fuerschung un Déiere Medikamenter entwéckelen.

D’Initiativ kënnt vun der Schwäizer Déiererechtsorganisatioun “Sentience Politics”, sech fir “d’Interesse vun net-mënschlechen Déieren” asetzt. Schonn 2016 hu Memberen Ënnerschrëfte fir d’Primaten-Rechter gesammelt. Fir si sinn net-mënschlech Primaten intelligent, empathesch an empfanne wéi Mënschen Wéi. Aus deene Grënn géingen d’Déieren - grad ewéi mir - och änleche Schutz brauchen.

Back to Top
CIM LOGO