
Wouduerch ënnerscheede sech Mouken haaptsächlech vun de Fräschen?
Net eleng beim Kierperbau ginn et Ënnerscheeder tëscht de Mouken an de Fräschen. D’Mouken hu Waarzelen, aus deenen e Sekret kënnt, wann ee vun hire Feinde si an d’Schnuff hëlt. Dat schmaacht eekeleg an dofir loosse si d’Mouken dann nees goen. Dann ass et och esou, datt d’Mouke just fir d’Fortplanzung bei d’Waasser ginn; soss liewe si u Land. Si ginn och net bei egal wéi ee Gewässer; si ginn dohinner, wou si selwer op d’Welt komm sinn. Um Wee vum Bësch bei dee Weier fanne si dacks e Partner. Wann e Männche schonn ënnerwee e Weibche fir d’Reproduktioun fënnt, da klëmmt hien och scho fir de Rescht vum Wee op de Réck vum Weibchen. Dofir hu si un den Daume rau Plazen, fir sech besser festzehalen. Engersäits si si da vir an et ka keen anere Männche sech dëst Weibche raussichen, erkläert d’Lieke Mevis, Beroderin bei natur&ëmwelt. Op der anerer Säit waart en esou laang um Réck vum Weibchen, bis datt dat d’Eeër ofleet, fir déi dann extern befruchten ze kënnen.

Moukewanderung: eng Wanderung mat ville Geforen
D’Moukewanderung ass ongeféier vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll, woubäi alles vum Wieder ofhänkt. Dofir ass de geneeën Datum dovunner am Viraus net gewosst an op eemol si vill Mouke bei eneen ënnerwee. An do kënne Fräiwëlleger op verschidde Manéieren hëllefen. Et ass virun allem mol wichteg, fir erauszefannen, wou Mouken a Gefor sinn, wa si iwwer d’Strooss ginn. Dës Plaze kann ee bei der natur&ëmwelt mëllen. Vum leschte Joer sinn der eng 50 bekannt. Déi Interesséiert kënne sech och uginn, fir d’Mouken aktiv z’ënnerstëtzen. Do kann een an de fréie Moies- respektiv Owesstonne sou eng Rettungsaktioun organiséieren oder drun deelhuelen. Et gi mobil Strukturen, duerch déi evitéiert soll ginn, fir datt d’Mouken iwwer d’Strooss ginn. Dëst si Barrièren aus Plastik oder aus haardem Gummi. Laanscht déi kënnen d’Mouken agesammelt ginn an op déi aner Säit vun der Strooss bruecht ginn. Da besteet och d’Méiglechkeet, fir Eemeren opzestellen oder an de Buedem anzegruewen. D’Mouke falen dann an déi dran a kënnen och dann duerch de Mënsch sécher op déi aner Säit vun der Strooss kommen. Et ass wichteg, datt d’Mouken net ze laang a sou engem Eemer musse bleiwen, well si soss liicht Fudder si fir Fiiss, Marderen oder Vigel. Da besteet och de Risiko, datt d’Mouken ausdréchnen, wa si ze laang am Eemer festsëtzen. Et soll een am beschten Händchen aus Nitril undoen, wann een eng Mouk upéckt. Esou evitéiert een, datt d’Amphibie mat Krankheeten ugestach ginn. De “Bsal” ass zum Beispill eng vun de Krankheeten, déi besonnesch fir d’Feiersalamander geféierlech ass. D’Mouken, d’Lurchen an déi Salamanderen hale sech meeschtens an de selwechte Gewässer op. Bis lo ass dat just eng Virsiichtsmoossnam, well hei zu Lëtzebuerg si keng Fäll vun dëser Krankheet bekannt, esou d’Lieke Mevis weider. Wann ee lo bei enger Rettungsaktioun eng Mouk sollt entdecken, déi Wonnen huet, da soll een déi vun den aneren Amphibien trennen an den Fierschter informéieren.

Niewent dëse Strukture ginn et där, déi fix sinn. Dëst sinn Tunnellen, déi ënnert enger Strooss sinn. D’Mouke ginn dann duerch e Leetsystem dohinner guidéiert a kommen esou och ouni Gefor eriwwer. Wann dës Tunnellen direkt beim Bau vun enger neier Strooss ageplangt oder wann eng Strooss frësch gemaach gëtt, da sinn d’Käschten dofir net ze héich. Am anere Fall, wann sou Aarbechten nogeholl ginn, da gesäit dat schonn anescht aus.
Et kann ee feststellen, datt méi Mouke wéi aner Amphibien net méi lieweg op der anerer Stroossesäit ukommen. Dat läit engersäits dorunner, datt d’Mouke vill méi lues si wéi d’Fräschen oder d’Salamanderen. D’Mouke ginn net nëmmen op der Strooss iwwerrannt. Si geroden och ënnert dem Auto a sou e Sog, duerch dee si dann ugezu ginn an ënne widder den Auto knuppen. Doduerch gi si schwéier blesséiert oder si iwwerliewen dëst net. Aus deem Grond gesäit een op verschiddene Plaze Schëlder, datt do eng temporär 30er-Zon ass. Et ass nämlech bewisen, datt vill manner Mouken ëmkommen, wa mat net méi wéi 30 Kilometer an der Stonn gefuer gëtt. D’Mouke kommen dann och sou éischter aus de Féiss. Et ass also wichteg, datt d’Automobiliste sech dann un déi Vitesslimitatiounen halen, esou d’Lieke Mevis.