Bob Jungels verdeedegt de Maillot vum Lëtzebuerger Champion




























































































































































































































































































































































































































Laang war den neien an ale Champion mat dem Kevin Geniets vir am Feld ënnerwee, ma am Schlussakt huet den Dippecher d'Saach awer fir sech entscheet.
Iwwer ronn 155 Kilometer ronderëm Zolwer war géint de Bob Jungels an Tim Diederich an hire Kategorie kee Kraut gewuess.
De Podium bei der Elite:
1. Bob Jungels (Dippech)
2. Kevin Geniets (Schëffleng) 1:03
3. Pit Leyder (Dikrech) 4:53
De Podium bei der Elite ouni Kontrakt:
1. Tim Diederich (Team Snooze)
2. Lex Reichling (Tooltime) 7:10
3. Pol Weisgerber (Alzeng) 10:28
Dem Tim Diederich ass et gelongen, säi Championstitel bei der Elite ouni Kontrakt ze verdeedegen an huet mat dësem Succès mat dem Contre la montre a senger 4. Plaz an der Stroossecourse den Doublé realiséiert. Och de Bob Jungels konnt mat senge béide Victoiren bei den nationale Meeschterschaften den Doublé packen.
Kuerzen Iwwerbléck vun der Course
Och um Sonndeg waren d'Coureuren, wéi well d'Deeg virdrun ganz hëtzege Wiederkonditiounen ausgesat, dofir huet d'Rennleedung d'Streck an der Hären-Course ëm een Tour gekierzt. No der Course iwwer Land hunn op d'Cycliste 4 Tier ronderëm Zolwer gewaart - insgesamt stounge ronn 155 Kilometer um Menü. Hei war de Ben Gastauer séier net méi mat, hien huet am éischten Deel vum Circuit missen opginn.
Vir hat sech eng Echappé mat 11 Leit forméiert, dorënner och den aktuelle Champion Bob Jungels. Dëse Pak ass mat den Tier awer geschmolt an esou goung et zu 7 op déi 3 leschten Tier. Hei gouf ëm den Titel gefuer ënnert de Cycliste mat an ouni Kontrakt.
Ënnert der Tempoverschäerfung vum Kevin Geniets huet d'Feld vir ëmmer méi verklengert - et ware just nach eben de Geniets, Jungels an Diederich mat vun der Partie. Ma wat Course méi no un d'Enn koum, war den Tim Diederich méi Schwieregkeeten hat, fir vir dobäi ze bleiwen. Esou ass de Coureure ouni Kontrakt lachéiert ginn.
Um Enn huet sech d'Victoire tëscht dem Bob Jungels a Kevin Geniets ofgespillt - an hei hat de alen an neie Champion Jungels déi stäerkste Been. Do hannendrun koum de Pit Leyder op d'Plaz 3. De Champion bei der Elite ouni Kontrakt gouf iwwerdeems den Tim Diederich, hien ass als 4. iwwert d'Zillinn gefuer.
















































































































FOTOEN vum Roland Miny op pressphoto.lu!
Junioren
An der Course en Ligne goung et bei de Junioren e Sonndeg de Moien um 9 Auer fort. No 119,4km (6x19,9km) huet hie sech eleng op der Ligne d'Arrivée presentéiert a feiert domat den nächste Championstitel. Op d'Plazen 2 an 3 koumen den Tom Paquet an de Mats Wenzel.
Resultat:
1. Loïc Bettendorf (Atertdaul)
2. Tom Paquet (Hettange-Grande) 02:16
3. Mats Wenzel (Atertdaul) 02:16
© Frank Elsen
Cadeten
1. Noa Berton (Atertdaul)
2. Jonathan Kalweit (Atertdaul) 00:26
3. David Lang (Atertdaul) 00:26
LINK: No der Victoire am Zäitfueren Christine Majerus gewënnt och an der Course en Ligne















































































































